arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Loyere klammen däitlech méi séier wéi d’Inflatioun

Observatoire de l’habitat

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Loyere klammen däitlech méi séier wéi d’Inflatioun

Um Locatiounsmarché gouf et am Ufank vum Joer eng “nei Phas vun Tensioun”: Dat huet den Observatoire de l’habitat a sengem neiste Rapport festgestallt. Déi annoncéiert Loyere fir Appartementer louchen am éischten Trimester 2026 ëm 4,4 Prozent méi héich, wéi am selwechten Zäitraum d’lescht Joer.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Loyere sinn also däitlech méi staark geklommen, wéi d’Inflatioun.

Den Trend no uewe bei de Loyere steet am Géigesaz zur relativer Stabilitéit vun de Verkafspräisser, esou d’Analys vum Observatoire de l’habitat. Dëst géif den Drock weisen, deen et weiderhin um Locatiounsmarché gëtt. Déi annoncéiert Loyere fir miwweléiert Zëmmere si bannent 12 Méint souguer ëm 4,7 Prozent geklommen.

Verkafspräisser stabiliséiere sech

D’Verkafspräisser vu Wunnimmobilie sinn tëschent Ufank 2025 an Ufank vun dësem Joer ëm 1,7 Prozent geklommen. Dës Entwécklung géif eng progressiv Stabiliséierung vum Marché bestätegen, déi et schonn zënter Ufank 2024 gëtt, notéiert den Observatoire.

Bestoend Haiser waren am éischten Trimester dëst Joer dräi Prozent méi deier, wéi Ufank 2025. Bei Appartementer, déi scho gebaut sinn, respektiv nach gebaut ginn, sinn d’Verkafspräisser a béide Fäll ëm 0,9 Prozent geklommen.

Méi Verkeef, mee Neibau bleift schwaach

Eng Phas vun Normaliséierung huet den Observatoire bei der Zuel vu Verkeef festgestallt: D’Zuel vu Verkeef vun Appartementer, déi schonn existéieren, ass ëm 9,4 Prozent geklommen. Bei den Haiser gouf et bei de Verkeef eng Steigerung vun 11,5 Prozent.

Problematesch bleift de Beräich vun den Appartementer um Plang: hei war d’Zuel vu Verkeef am éischten Trimester dëst Joer iwwer 18 Prozent méi niddreg, wéi am selwechten Zäitraum 2025.

play_arrow Lauschteren