Hannergrond ass, datt den LSAP-Kandidat Max Leners fir de Posten beim Staatsrot gëscht net gewielt gouf. De Staatsrot huet sech fir de Goerges Kohn entscheet. Dem Dan Biancalana no wier d’LSAP doduerch am Staatsrot ënnerrepresentéiert.
Laut dem Premier wieren och CSV an DP ze wéineg vertrueden. Dat wier eben esou, well et sech ëm eng Wal handelt, sou de Premier. De Staatsrot hätt sech tëscht all de Kandidaten fir de Georges Kohn entscheet:
"Den Designatiounsmodus läit an den Hänn vun deenen dräi Institutiounen a jiddereng vun deenen dräi Institutiounen, Chamber, Staatsrot a Regierung, ass souverän an hirer Decisioun."
Et wier och vu kenger vun den dräi Institutiounen de Wonsch, den Nominatiounsmodus ze änneren, erkläert de Premier Luc Frieden.