D'Museksschoul CAVEM war am Mäerz iwwerraschend an d'Faillite geroden. Den deemolegen Direkter vun der Museksschoul ass zënter Woche spuerlos verschwonnen.
Dat hätt d'Iwwerhuele vun der CAVEM allerdéngs net méi schwéier gemaach, esou de Ralf Trebing, och wann et ganz tragesch wier.
"Wir haben auch keinen Kontakt zu dem Herren. Bei uns ging das erst los, als wir mit dem Insolvenzverwalter geredet haben. Der hat uns die Möglichkeit ausgemacht, dass wir das weiterführen, beziehungsweise einen neuen Standort der Luxembourg Music School in dem Gebäude der ehemaligen CAVEM zu eröffnen."
D'Museksschoul géif de Betrib dann iwwer d'Päischtvakanz um Lafen hale fir de Schüler:innen nach weider zwee Méint Cours virun der Summervakanz ze erméiglechen.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Direkter vu Luxembourg Music School.