arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ MALT-Affär: D'Partei-Spëtzt vun de Piraten géif "d'Konsequenzen assuméieren"

National

|
reading time

3 min

MALT-Affär: D'Partei-Spëtzt vun de Piraten géif "d'Konsequenzen assuméieren"

D‘Piratepartei reagéiert an engem Communiqué op de Spezialrapport vun der Cour des comptes iwwer d‘Affär ronderëm d‘Sproochen-App MALT. Et géif een de Rapport ganz eescht huelen an net esou maache, wéi wa keng Feeler geschitt wieren.

reading time

3 min

Sven Clement  | © Chambre des Députés
Sven Clement (Foto: Chambre des Députés)

Den Deputéierte Sven Clement vun de Piraten ass mat senger Parteispëtzt averstanen. D'Partei misst d’Suen aus der MALT-Affär zréck bezuelen. Dat sot de Politiker am 100,7-Interview. 

Hien ass awer och der Meenung, datt de Rapport vum Rechnungshaff géif weisen, datt et deemools beim Office National de l’Acceuil (ONA) a beim Office Luxembourgeois de l’acceuil de l’integration (OLAI) vill Dysfontionnementer ginn hätt. 

"Et ass esou, datt dee Rapport awer och ganz kloer weist, wéi vill fundamental Dysfonctionnementer et beim ONA a beim OLAI wärend där Period goufen, déi wäit iwwer den Dossier MALT eraus ginn"

Hei wiere "fräihänneg" Saache vergi ginn an déi respektiv Dokumenter wieren deels réischt Jore méi spéit ënnerschriwwe ginn. Bei verschidde Projete wiere beispillsweis schonn iwwer 70 Prozent vun de Sue fort gewiescht, ier den éischte Kontrakt ënnerschriwwe war, behaapt de Sven Clement.

"An dat si jo alles Saachen, déi eis virun zwee Joer do virgeworf goufen, déi sech elo erausstellen, den ONA an den OLAI bei sech selwer genau esou gemaach hunn, soudatt dat eis elo net, ech wëll net soe Satisfaktioun gëtt, dat wier dat falscht Wuert, mee et weist, datt d'Gestioun vum Fong insgesamt defizitär war."

2026:Dysfonctionnementer bei de Piraten 

D‘Cour des comptes hat an hirem Rapport Dysfonctionnementer bei der Piraten festgestallt. Déi aktuell Parteispëtzt wier deemools net en charge gewiescht vum Projet MALT, si géif awer d‘Konsequenzen assuméieren a rëm Uerdnung an déi ganz Saach bréngen, heescht et am Communiqué. 

An der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber war gëschter annoncéiert ginn, datt d'Piratepartei ronn 76.000 Euro un europäesch an national Fongen zeréckbezuele misst. Den ONA (Office national d’accueil) hat bis dato 92.000 Euro gefuerdert. Dat, well déi gefuerdert Leeschtungen net erbruecht gi wieren. 

2025: Saisie bei der Sensibilitéit vun de Piraten

Enn Abrëll d'lescht Joer hat den Europäesche Parquet tëschent 20.000 a 25.000 Euro bei der Piratepartei saiséiere gelooss. Den Deputéierte Sven Clement a Partner bei der Berodungsentreprise “Clement & Weyer” hat sech deemools iwwerrascht gewisen iwwer d’Héicht vun der Zomm.

De Sven Clement a seng Entreprise sinn an dëser Affär ugeklot, grad wéi seng Partei an hire fréieren Tresorier. 

2024: Europäesche Parquet iwwerhëlt den Dossier

Am Oktober 2024 hat den Europäesche Parquet d‘Enquête am Dossier MALT iwwerholl, dat mam Verdacht op Submissionsbedruch, Fälschung vun Dokumenter a Geldwäsche. 

Bis dohin hat de Finanz- a Wirtschafts-Departement vum Lëtzebuerger Parquet mam Europäesche Parquet an deem Dossier zesummegeschafft. De Projet MALT war zu 45 Prozent vun der EU mat finanzéiert ginn. 

2015: Immigratiouns-Administratioun gëtt de Projet op

D’App MALT war 2015 vun der deemoleger Immigratiouns-Administratioun ausgeschriwwe ginn. Am Kontext vun der deemoleger "Flüchtlingskris" sollt d'Sproochen-App ("Mobile Assisted Language Tool") bei der Iwwersetzung vum Arabeschen op d'Lëtzebuergesch hëllefen.

Wéinst der MALT-Affär an hire Konsequenzen haten eng Rei gewielte Vertrieder d’Piratepartei verlooss, dorënner den Deputéierte Ben Polidori, deen elo bei der LSAP ass.