arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ MSF warnt: Israel benotzt Waasser als Krichswaff

Noen Osten

|
reading time

1 min

MSF warnt: Israel benotzt Waasser als Krichswaff

D‘Hëllefsorganisatioun „ Médecins Sans Frontières“ geheit Israel vir, Waasser als Waff am Gazasträif benotzt ze hunn: D‘Leit sollen als Kollektivbestrofung systematesch keen Accès zu Waasser kritt hunn, heescht et an engem Schreiwes.

reading time

1 min

Dat 11 Joer alt Shahed Abu Warda mat Eemere Waasser nieft hirem zerstéiertem Familljendoheem am Norde vu Palästina | ©  EPA/MOHAMMED SABER
Dat 11 Joer alt Shahed Abu Warda mat Eemere Waasser nieft hirem zerstéiertem Familljendoheem am Norde vu Palästina (Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

Déi israeelesch Autoritéiten hätte wärend dem Krich a Palästina bal 90 Prozent vun de Waasser- an Ofwaasser-Infrastrukture systematesch futti gemaach oder beschiedegt.  Déi israeelesch Arméi an déi zoustänneg Autoritéit weisen d‘Virwërf zeréck, d‘Palestinenser géife reegelméisseg méi Waasser kréien, wéi se es bräichten.