arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner fir de selwechte Präis: Anti-Mogelpackunggesetz géint verstoppt Präiserhéijung

Éisträich

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Manner fir de selwechte Präis: Anti-Mogelpackunggesetz géint verstoppt Präiserhéijung

An Éisträich gouf eng Kennzeechnungspflicht vu verstoppte Präiserhéijunge bei Liewensmëttel a Supermarchéen agefouert.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

An Éisträich mussen déi méi kleng Packungen awer elo geschwë gekennzeechent ginn. Een entspriechend Gesetz gouf lescht Woch am Nationalrot gestëmmt. Supermarchéen an Drogerië musse vum 1. Abrëll un hir Clienten zum Beispill mat engem Warnschëld um Regal drop opmierksam maachen, wann d’Produite méi kleng gi sinn - an dat wärend 60 Deeg.

Soll net déi kleng Händler treffen 

Firwat? Dat erkläert déi éisträichesch Staatssekretärin fir Konsumenteschutz Ulrike Königsberger-Ludwig:

"Das ist eine versteckte Teuerung auf der einen Seite, auf der anderen Seite eine Trickserei und mit unserem Mogelpackungsgesetz werden wir jetzt für eine Kennzeichnungspflicht sorgen." 

D’Gesetz gëllt fir gréisser Supermarchéen an Drogerien, also fir Geschäfter mat enger Verkafsfläch vun iwwer 400 Quadratmeter a fir Ketten, wann déi méi ewéi fënnef Filialen hunn. Et wéilt een net déi kleng Liewensmëttelhändler a -buttiker, sougenannte Greissler, där et souwisou schonn net vill ginn, belaaschten.

De Groussdeel vum Marché an Éisträich deele sech véier grouss Kette vu Supermarchéen. Wa si sech net un déi nei Kennzeechnungspflicht fir méi kleng Packungen halen, musse se mat Strofe vu bis zu 15.000 Euro rechnen.

Eenegekeet tëschent de Parteien, ausser FPÖ

All d’Parteien am Parlament hu fir d’Gesetz gestëmmt, mat enger Ausnam: Där vun der riets-populistescher FPÖ. Hir Kritik ass, datt d’Kennzeechnungspflicht een zousätzleche bürokrateschen Opwand fir éisträichesch Geschäfter wier. Eng Kritik mat där d’Staatssekretärin Ulrike Königsberger-Ludwig net averstanen ass. 

“Wir sind überzeugt, dass es kein Bürokratiemonster ist. Es werden viele Dinge in den Supermärkten ausgezeichnet. Das ist eben eine Auszeichnungsmöglichkeit für diese Shrinkflation. Es gibt unterschiedliche Methoden, entweder am Regal, am Produkt oder am Eingang vom Supermarkt. Ich glaube nicht, dass das ein Bürokratiemonster ist.”

Produzenten an d'Flicht huele wier net méiglech 

Eng weider Kritik vun der FPÖ ass ee Punkt, deen een och vum Fachverband vum Liewensmëttelhandel héiert. D’Responsabilitéit vun der verstoppter Präiserhéijung léich net bei de Supermarchéën, mee bei de Produzenten. Déi ze verflichte wier awer net méiglech. 

“Das ist genau die Schwiergkeit, dass es europarechtlich nicht möglich ist, bei den Lieferanten anzusetzen. Deswegen haben wir eben diese Möglichkeit genommen, die möglich ist und das ist eben, im Supermarkt kennzeichnen. Und ich glaub, dass es sehr praktikabel ist, weil ja auch dort die Kunden ihren Einkauf tätigen.”

D’Gesetz soll méi Transparenz schafen.

Erfëllt d’Gesetz säin Zil, d’Inflatioun anzeschränken? 

De Sebastian Koch, Wirtschaftsfuerscher an Inflatiounsexpert vum Institut Für Höhere Studien, ass skeptesch. 

“Hier im Vordergrund steht die politische Diskussion und der Aspekt, dass sich die Bevölkerung von diesen Verpackungsgrößen etwas veräppelt fühlt und hier möchte die Regierung dem einen Riegel vorschieben. Insofern ist es nachvollziebhar, die Auswirkungen auf die Inflation muss dann natürlich wesentlich differenzierter dann betrachten.”

D’Inflatioun an Éisträich ass an de leschte Joren däitlech méi staark geklomme wéi am Duerchschnëtt vun der Eurozon. Schold dorun ass net eleng d’Deierecht bei Liewensmëttel, och d’Energiepräisser droen dozou bäi. Den Haaptgrond wier awer zënter ewell 15 Joer een aneren, nämlech d’Präisser an der Gastronomie, seet de Wirtschaftsfuerscher Sebastian Koch.

“Wir haben einen langfristigen Treiber, der hat sich auch nicht wirklich geändert und das ist nach wie vor in den Dienstleistungsbereichen die Gastronomie. Das hat sich seit 2011 entwickelt und seitdem erklärt das auch ein Stück weit das ein bisschen mehr an Inflation ist in Österreich als im Euro-Raum. Das ist der Haupttreiber der Inflation.”

Ob am Restaurant oder an de Supermarchéen: d’Präisser an Éisträich klammen. Mam neie Gesetz soll een op d’mannst net méi doheem beim Auspake vun den Akeef béis iwwerrascht ginn.

play_arrow Lauschteren