arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Foussfessel: Éisträicheschen Immobilieninvestor René Benko kënnt aus dem Prisong

Innsbruck

|
reading time

1 min

Mat Foussfessel: Éisträicheschen Immobilieninvestor René Benko kënnt aus dem Prisong

Eigentlech war de Grënner vum Immobilienimperium Signa zu 2,5 Joer Pirsong verurteelt ginn. Dat wéinst der Schiedegung vu senge Creancieren. Dem Geriicht no huet hien 360.000 Euro Virschoss fir e Gebai zu Innsbruck bezuelt, obwuel seng Firma kuerz virun der Faillite stoung.

reading time

1 min

© EPA/ANNA SZILAGYI
(Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Am Januar 2025 war de René Benko festgeholl ginn. Leschte Mount gouf hie verurteelt.

Elo däerf den Entrepreneur awer aus dem Prisong eraus, dat mat enger Foussfessel an den Hausarrest. Déi Demande huet d'Landesgericht Innsbruck dem 49 Joer ale fréiere Milliardär zougesprach.

Weider Prozesser sti virun der Dier

Dem René Benko säin Affekot hat domat argumentéiert, datt hie sech just baussent dem Prisong adequat op weider Prozesser kéint virbereeden. 

Ganz aus dem Schneider ass de René Benko awer net: Uganks November muss sech de Geschäftsmann – nees a senger Heemechtsstad Innsbruck – viru Geriicht veräntwerten. D'Virwërf sinn do: Schwéier Fraude an nees d'Schiedegung vu senge Creancieren. 

Iwwerdeems enquêtéiert den éisträichesche Wirtschafts- a Korruptiounsparquet nach wéinst Fraude, Bankrott a Verontreiung géint de René Benko.