Radioen

On air

Notturno  |  Nathan Bartell - Top Going Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Hummer 6 Mol op de Kapp geschloe: Ugekloten zu 25 Joer Prisong verurteelt

Heeschpelter Mordprozess

Mat Hummer 6 Mol op de Kapp geschloe: Ugekloten zu 25 Joer Prisong verurteelt

25 Joer Prisong: Zu där Strof gouf um Donneschdegmoien um Dikrecher Geriicht déi Ugekloten am Heeschpelter Mordprozess verurteelt. Am Februar 2022 hat eng Fra an der haiteger Gemeng Groussbus-Wal hire Mann op d’mannst 6 Mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen.

auto_stories

2 min

Palais de Justice Dikrech | © Wikimedia Commons

Et hätt kee Virsaz virgeleeën, also kee Mord, mee eng psychesch Stéierung vun der Fra zum Zäitpunkt vun der Dot, sou d’Riichter. Si hunn dowéinst den Artikel 71-1. vum Code pénal applizéiert. Dee seet, datt sou eng Persoun ze bestrofe wier, d’Geriicht deen Ëmstand awer beim Fixéiere vun der Strof a Betruecht zéie géif.

Am Februar 2022 hat d’Fra an der heiteger Gemeng Groussbus-Wal hire Mann op d’mannst 6 Mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen. D’Affer war awer net direkt gestuerwen a seng Läich gouf eréischt am Mäerz am Keller vu sengem Haus fonnt.

Ouni Sursis

De Vertrieder vum Parquet hat dowéinst 25 Joer Prisong, e groussen Deel dovun ouni Sursis, gefuerdert. Op e Sursis hunn d’Riichter an hirem Urteel also verzicht. De Maître Biltgen huet dat haart genannt, a seng Cliente hätt him dann och direkt nom Riichtersproch un d’Häerz geluecht, Appell dogéint ze maachen.

Fir den Affekot vun der Fra hätt de Vertrieder vum Parquet an der Sëtzung erkläert, datt deen Artikel 71-1. vum Code pénal net onbedéngt eng Circonstance atténuante wier. D’Geriicht wier deemno net gebonnen, fir dowéinst eng manner héich Strof ze spriechen.

Artikel 71 oder 71-1?

Hien hätt allerdéngs Argumenter zum Gesondheetszoustand vu senger Cliente virgeluecht. Et geséich awer dono aus, wéi wann d’Riichter deem net Rechnung gedroen hätten. Well et eng schwéier Dot wier, kéint de Maître Biltgen d‘Urteel novollzéien.

"Ech sinn awer perséinlech der vollster Iwwerzeegung, datt meng Cliente zum Zäitpunkt vun der Dot komplett onzourechnungsfäeg war."

An deem Fall géif den Artikel 71 vum Code pénal spillen. Dee seet, datt sou eng Persoun strofrechtlech net responsabel wier an an d’Psychiatrie sollt placéiert ginn, wa se nach ëmmer eng Gefor fir sech oder fir anerer duerstelle géif. Am Appellsprozess dierft et da virun allem ëm d’Fro goen, ob deen Artikel 71 spille sollt oder awer den 71-1.