Déi däitlech méi héich Paien am Grand-Duché géifen dozou féieren, datt ëmmer méi medezinescht Personal aus Frankräich op Lëtzebuerg schaffe kënnt. Dat géif et de franséische Spideeler ëmmer méi schwéier maachen, genuch Personal ze fannen.
Grouss Ënnerscheeder an der Pai
Hannergrond ass déi geplangte Fermeture vun der Maternité zu Mont-Saint-Martin, direkt bei der Lëtzebuerger Grenz. Als Grond goufe Problemer bei der Rekrutéierung vu medezineschem Personal genannt. De Senateur stellt dat awer a Fro.
Gläichzäiteg wëllt hien elo Gespréicher mat Lëtzebuerg féieren, fir déi grouss Ënnerscheeder an der Pai am Gesondheetssecteur finanziell auszegläichen. Hien hätt sech dofir scho beim Lëtzebuerger Finanzministère gemellt, seet hien an engem Schreiwes un d‘Press.