arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Irregularitéit beim Large-Scale-Testing: Marchés publics Gesetz soll reforméiert ginn

Chamber

|
reading time

3 min

Irregularitéit beim Large-Scale-Testing: Marchés publics Gesetz soll reforméiert ginn

D’Chamber rifft d’Regierung an enger Motioun dozou op fir d’Marchés publics Gesetz ze reforméieren. Dat ass de Fazit vun enger Debatt iwwer d’Irregularitéite beim Large-Scale-Testing wärend der Covid-Pandemie. Hei war sech ënner anerem net un déi offiziell Ausschreiwung gehale ginn.

reading time

3 min

© EPA/FRIEDEMANN VOGEL
(Foto: EPA/FRIEDEMANN VOGEL)

D‘Motioun fuerdert, datt e méi lisibele legale Kader soll geschaf ginn. Och verschidde Prozedure solle vereinfacht ginn. All d’Parteien hunn dës Motioun matgestëmmt – d’ADR huet sech enthalen.

D’Budgetskontrollkommissioun huet sech bei hiren Analysen iwwer de Large-Scale-Testing op de Rapport vum Rechnungshaff baséiert an dee Rapport gouf de Mëtteg der Chamber diskutéiert.

Däitlech Kritik vum Gérard Schockmel

Beim Large-Scale-Testing, LST, wieren net just e puer handwierkleche Feeler geschitt, fënnt d’Co-Rapportrice vun der Budgetskontrollkommissioun Stéphanie Weydert.

"De Large-Scale-Testing entsprécht net de Grondprinzippie vun enger virsiichteger, transparenter a verantwortungsvoller Gestioun vun de Staatsfinanzen."

D’CSV-Deputéiert war awer net déi eenzeg, déi Kritik un der Handhabung ënner der deemoleger Gambia-Regierung geäussert huet.

"Gewënner war Laboratoires Réunis" 

Och aus den eegene Reie goufe verschidden Approchen hannerfrot. E generelle Constat war awer, datt d’Laboratoires Réunis vun der Pandemie profitéiert hunn. Dat sot ënner anerem den DP-Deputéierte de Gérard Schockmel. 

"De grousse Gewënner ass d'Laboratoires Réunis. D'Laboratoires Réunis hat de widderhuelte Monopol, fir d'PCR-Analysen duerchzeféieren. De Monopol an der Phas 1, an dat ouni ëffentlech Ausschreiwung."

Och an der zweeter Phas hätt Laboratoires Réunis de Monopol gehat, esou de Gérard Schockmel. 

"Dofir gouf et allerdéngs keen objektivéierbare Grond. All d'Laboratoiren zu Lëtzebuerg sinn no der internationaler Norm ISO 15189 akkreditéiert an domat voll qualifizéiert, fir d'PCR-Analysen duerchzeféieren."

"En Nol am Stéikoup fannen"

Den DP-Deputéierten a fréiere Spidolsdokter huet de Large-Scale-Testing u sech a Fro gestallt. Dat besonnesch an der éischter Phas am Joer 2020. 

"Fir ee positive Kontakt vun engem asymptomatesche Virusträger ze identifizéieren, huet et 10.000 Tester gebraucht. Eng Usine à gas oder en Nol am Stréikoup fannen. Käschtepunkt, zirka 500.000 Euro fir ee positive Kontakt vun engem asymptomatesche Virusträger ze identifizéieren."

LSAP a Gréng verteidegen deemoleg Decisiounen

D’Sam Tanson vun déi gréng an och den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana waren do anerer Meenung. Den LST hätt Liewe gerett.

Datt d’Laoratoire Réunis duerch eng Decisioun, déi an der Hetzt getraff gi wier, sech dono eng gëllen Nues verdéngt huet, stelle si awer net a Fro, esou d’Co-Rapportrice Sam Tanson. 

"Firwat gouf et keng Konkurrenz? Majo, well d'Laboratoires Réunis de Marché vun der Phas 1 haten. Si haten Infrastruktur, Personal, Informatik. Kee Konkurrent konnt an deem Stadium nach mathalen."

Déi aktuell Gesondheetsministesch Martine Deprez huet nach betount, datt si un engem Gesetz santé publique géif schaffen, fir bei enger nächster Krisesituatioun besser preparéiert ze sinn.