arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Elektro bei de Camionen? "Et ass de Marché, deen dat fuerdert"

Transport a Logistik

|
reading time

5 min

headphones

13 min

play_arrow

Méi Elektro bei de Camionen? "Et ass de Marché, deen dat fuerdert"

Och bei Camione gëtt de Choix un elektresche Modeller ëmmer méi grouss. Doduerch ginn dës E-Camionen awer just bedéngt méi attraktiv fir d'Transportfirmaen. Firwat den Diesel-Camion ëmmer nach e Virdeel huet, a firwat Waasserstoff wuel keng Zukunft huet, erkläert de Ben Frin vun Arthur Welter.

reading time

5 min

headphones

13 min

play_arrow
De Ben Frin | © Radio 100,7
De Ben Frin (Foto: Radio 100,7)

Gëschter nach huet de Wirtschaftsministère viru méiglechen Engpäss beim Pëtrolstransport gewarnt. Grad am Secteur vun der Logistik a vum Transport dierft dës Nouvelle déi eng oder aner besuergte Minn verursaacht hunn.

12 Millioune Liter Diesel am Joer

Bei der Lëtzebuerger Firma Arthur Welter Transports ass dat e bëssen anescht, wéi hire Finanzdirekter Ben Frin am 100,7-Interview erkläert. D’Transportfirma hätt en eegene Camion, deen all Dag ee- bis zweemol an d’Raffinerie den Diesel siche geet. Esou wier een onofhängeg vun externe Fournisseuren.

“Mir brauchen 12 Millioune Liter Diesel (am Joer). Dat héiert sech no vill un, ass et och. Mir hu 400 Camionen.”

Datt ee Camion am Ausland notanke muss, kënnt éischter seele vir, seet de Ben Frin. Mat enger Tankfëllung mécht ee Camion nämlech bis zu 3.500 Kilometer. Well d’Firma éischter seele bis un d’Extremitéite vum Kontinent fiert, bleift Notanken och eng Ausnam.

Vum variabele Präis ofhängeg

12 Millioune Liter Diesel ass vill, awer net genuch, fir et am sougenannten “hedging” ze kafen. Eng Strategie, déi an der Aviatioun üblech ass, a wou op laang Siicht zu engem fixe Präis Kerosin akaf gëtt.

“Mir sinn tatsächlech vum variabele Präis ofhängeg.”

Dës Präisschwankunge féieren zu enger Onsécherheet am Secteur. Een Argument also, fir op eng aner Motorisatioun ëmzeklammen.

Waasserstofftechnologie: Eng super Erfarung, mee ...

Wann een u Camionen an alternativ Motorisatiounen denkt, da kënnt engem dacks Waasserstoff an de Kapp. Effektiv hätt ee bei Arthur Welter Transports virun zwee Joer den éischte Waasserstoff Camion agesat, erkläert de Ben Frin.

“Et war eng super Erfarung, déi mir gemaach hunn, mee mir hunn am Mee decidéiert, dee Projet ze stoppen.”

Firwat e Projet stoppe wann een dach esou gutt Erfarunge gemaach huet? De Finanzdirekter vun der Firma erkläert, datt d’Technik an de Camionen net de Problem waren, mee d’Infrastruktur an d’Rentabilitéit.

Waasserstoff-Camione kënnen hirer Erfarung no net rentabel exploitéiert ginn. Dofir wieren d’Material an de Waasserstoff u sech ze deier.

A Saachen Infrastruktur huet d’Waasserstofftankstell zu Beetebuerg keng Verbesserung bruecht: Am Géigendeel. Dës hätt dacks net funktionéiert, esoudatt de Camion wochelaang net fuere konnt.

“Fir eis ass dat Theema ofgeschloss.”

De Secteur setzt op elektresch Camionen

Elo setzt een op elektresch Camionen. Mëttlerweil hätt och all Camionshiersteller genuch Modeller mat enger Batterie zum Choix. Dobäi kéim eng vill besser Infrastruktur wéi nach beim Waasserstoff.

“Et huet een d’Méiglechkeet haut e batterieelektresche Camion zum break even vum Diesel ze bedreiwen. Dofir brauch een awer aktiv a passiv Subventiounen.”

Ee Beräich, an deem E-Camione profitéieren, ass de Maut. An Däitschland mussen emissiounsfräi Camionen zum Deel keng Maut bezuelen.

Am léifste keng Extrawurscht fir d'E-Camionen

Allerdéngs ass et schwéier, déi Camionen an de Fuerpark ze integréieren, betount de Ben Frin. De gréissten Nodeel ass d’Autonomie, déi realistesch gesi bei 400 Kilometer läit.

En E-Camion am lafende Betrib anzeplangen ass eng schwéier Aufgab. Et muss ee gutt oppassen, wou de Camion be- an entluet soll ginn. Et muss gekuckt ginn, wou ee Stroum luede kann an zu wéi engem Moment. An am Idealfall fält dat mat de Pausen zesummen, déi d’Camionschauffeure souwisou all 4,5 Stonne musse maachen.

Am léifste géing een en elektresche Camion net vill aneschters traitéiere wéi en Diesel-Camion.

“Dat ass eis Ufuerderung, no un en Diesel ze kommen, a keng Extrawurschten ze maachen.”

Extern Facteure forcéieren de Wiessel

Am Moment ass en E-Camion also net d’Idealléisung. Trotzdeem hält een un den elektresche Camione fest, well ee “forcéiert gëtt, de grénge Mäntelchen unzedoen.”

“Et ass de Marché, deen dat fuerdert.”

Clienten, d’Politik an d’Gesellschaft géinge vun der Camionsbranche erwaarden, méi ëmweltfrëndlech an emissiounsfräi ze ginn. Virun allem vu Säite vun de Clientë kéim Drock, seet de Ben Frin. Verschidde Clientë wëllen hir Logistik nämlech als emissiounsfräi labelen, an da brauch een elektresch Camionen.

“Erfarung maachen an esou neie Beräicher ass och wichteg. E Virsprong halen an der Erfarung ass wichteg.”

Transportbranche net méi esou attraktiv wéi fréier

Der Branche geet et allgemeng gutt, mee boomen deet se net, esou de Finanzdirekter vun Arthur Welter. Et wier e Business, deen immens käschtenintensiv ass, seet de Ben Frin.

“No Covid hate mir dräi schwéier Joer mat Inflatioun vu bis zu 12 Prozent. Mee mir hu keng Clienten oder Capacitéite verluer. Mee et ass extreem, extreem schwiereg, d’Rentabilitéit vun de Jore virdrun ze halen.”

Haut géing ee sech allerdéngs zweemol iwwerleeën, ob een de Schrëtt an d’Transportbranche wéilt maachen oder net, mengt de Ben Frin. 

Den Job vum Camionschauffeur huet un Standing verluer

Iwwerdeems hätt seng Firma keng Schwieregkeeten, nei Chauffeuren ze fannen. “All eis Camione si besat”, seet de Ben Frin. Allerdéngs wier de Choix méi kleng ginn.

“Mir mussen dat huelen, wat mir kréien. A well mir do manner Choix hunn hëlt d’Qualitéit of.”

Den Job hätt sécher och net méi dee Standing wéi fréier, seet de Ben Frin, kann dat allerdéngs net ganz novollzéien.

“Et ass en ustrengenden Job, mee net esou schlecht bezuelt wann ee bedenkt, datt ee keen extra Diplom brauch, ausser de grousse Camionsführerschäin.”

De gréissten Deel vun hire Chauffeure sinn iwwerdeems Frontalieren, mee eng Rei kommen och aus Osteuropa.

play_arrow Lauschteren