D’DP-Ministesch war haut op Visitt bei hirem belschen Homolog Jean-Luc Crucke.
Trotz de Fortschrëtter géif d’Moderniséierung vum Schinnennetz op d’mannst ee Joer méi laang daueren. D‘Aarbechten un der 175 Kilometer laanger Streck lafe scho schonn zënter Joren.
Nach am Fréijoer dëst Joer hat de Bedreiwer vum belsche Schinnennetz Infrabel optimistesch geklongen, wat den Zäitplang ugeet.
No der Visitt haut, tëschent der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, hire belschen Homologen an de Bedreiwer vum Schinnennetz, ass awer kloer, datt dës Zil net erreecht gëtt. D’Yuriko Backes huet erkläert:
“Do hate mir am Fong och zesumme gefrot, fir ze kucken, ob et net méiglech wär, dass déi Aarbechten awer e bësse kéinten no virgezu ginn, dass déi Aarbechten éischter oder vrun 2031 fäerdeg wären. Sou wéi mer et haut presentéiert kruten, ass dat awer net de Fall”
Grond wier ënnert anerem, datt d’Stréck immens vill Kéieren huet, esou d’Ministesch.
Käschtepunkt soll onverännert bleiwen
Beim Käschtepunkt hätt sech awer näischt geännert. Dëse läit op der belscher Säit bei ronn 1,3 Milliarden Euro. Lëtzebuerg huet sech mat ronn 100 Millioune bedeelegt. D’Aarbechten op der Lëtzebuerger Säit si schonn ofgeschloss.
Peage-Pläng kee grousse Sujet haut
De geplangte belsche Stroosse-Peage wier iwwerdeems net weider Thema op der Visitt vun haut gewiescht, esou nach DP-Mobilitéitsministesch.
“Ech mengen do muss een natierlech wëssen, datt dat elo keng federal Kompetenz ass. Ech muss soen, datt de Jean-Louis Crucke, mäi belschen Homolog, wierklech vum Ufank un hei ganz transparent mat mir op deem Dossier war. Mee hei si mer net bei federaler Kompetenz, mee bei regionaler Kompetenz.”
Véier DP-Deputéierter DP haten sech haut an engem oppene Bréif un de belsche Premierminister Bart de Wever geriicht. Si fuerderen, datt d’Grenzregioun vum geplangte belsche Peage soll ausgeholl ginn. Dës hätt soss negativ Repercussiounen op d’Frontalieren an och op de Commerce an d’Zesummeliewen an der Regioun.
“Grouss Fortschrëtter” an der Belsch
D’Ministerin Yuriko Backes wat haut zesumme mam belsche Mobilitéitsminister Jean-Luc Crucke an der Province de Luxembourg ënnerwee, fir sech iwwer d’Entwécklunge bei verschiddenen Eisebunnsprojeten z’informéieren.
Beim Ausbau vum Zuchreseau wieren op belscher Säit grouss Fortschrëtter gemaach ginn, esou d’Yuriko Backes:
“Fir d'Frontaliere säit Dezember leschtem Joer fueren och d'Zich direkt tëschent Lëtzebuerg a Librament, ouni datt ee muss ëmklammen. Dat ass wierklech eng gutt Saach.“
Nieft dem Ausbau vum Zuchreseau missten op der belscher Säit awer och nach méi Opfangparkinge gebaut ginn, esou d’Ministesch. Dat, fir datt d’Leit méi bequeem vum Auto op Zuch a Bus kéinten ëmklammen.