Bis den Abrëll d’nächst Joer spéitstens soll een neien Aarbechtsgrupp der Regierung Virschléi maachen, fir déi gesaten Ziler ze erreechen. Dat gouf zu Senneng decidéiert. De Premier schwätzt vun enger „klorer Zilsetzung”.
"Fir datt mer méi ekologesch, méi onofhängeg, manner deier Energie hunn, datt mer méi wettbewerbsfäeg ginn, wäerte mer méi énergies renouvelables an deenen nächste Jore produzéieren."
Dofir bräicht et kuer Weeër, manner komplizéiert Prozeduren a manner kontradiktoresch Decisiounen, sou de Premier.
De Luc Frieden an d’Ministere Serge Wilmes, Lex Delles a Martine Hansen hunn zu Senneng ënner anerem mat de Vertrieder:inne vum Handwierk a vun der Chambre de Commerce geschwat, grad wéi vun der FEDIL, an dorënner och déi Responsabel vun ENOVOS a vu CREOS.
Fir d'éischt Trimester 2025 prett sinn
De Projet fir déi geplangte Prefinanzéierung vun de Klimahëllefe fir Photovoltaikanlage soll an den nächste Wochen deposéiert ginn. Dat huet den Energieminister Lex Delles (DP) ugekënnegt. Virgesi wier doran, datt den Installatiounsbetrib d’Sue vum Subsid bannent dräi Wochen um Kont hätt.
"Sou datt mer fir d‘éischt Trimester, Mäerz-Abrëll 2025, och, wann den Text duerch ass, och domat prett sinn."
Mat den erneierbaren Energien net do, wou ee gär wier
De Premier Luc Frieden confirméiert zu Senneng, datt Lëtzebuerg bei den erneierbaren Energien net do ass, wou ee gäre wier. Am nationalen Energie- a Klimaplang hat d’Regierung sech d’Zil gesat, bis 2030 den Undeel vun erneierbaren Energien um Endverbrauch op 35 bis 37 Prozent erop ze schrauwen. D’lescht Joer louch dësen Undeel bei ronn 20 Prozent.