search

/ Nom trageschen Zuchaccident a Spuenie klëmmt de Bilan vun den Doudesaffer op 74

Spuenien

|
reading time

3 min

Nom trageschen Zuchaccident a Spuenie klëmmt de Bilan vun den Doudesaffer op 74

De Bilan vum Zuchaccident a Spuenien ass nach emol geklomme: Den Owend elo goufe fënnef weider Läiche gebuergen. Domat ass d‘Zuel vun den Doudegen op 74 geklomme. D'Kritik un der Gestioun vum Schnellzuchreseau gëtt ëmmer méi haart. 

reading time

3 min

© EPA/CHEMA MOYA
(Foto: EPA/CHEMA MOYA)

Et gëtt nach ëmmer no weideren Affer an den accidentéierte Waggone gesicht. 50 Blesséierter sinn och nach an der Klinik.  De spuenesche Kinnek Felipe, deen haut Blesséierter an enger Klinik zu Toledo besicht huet, huet gefuerdert, dass Mesure geholl ginn fir dass et net nach emol zu sou enger Katastroph kënnt. 

Mënschlecht Versoen?

Mëttlerweil ass méi gewosst doriwwer, wéi et zu deem schlëmmen Accident gëschter tëschent Madrid an Andalusie komme konnt. Méiglech ass mënschlecht Versoen. D'Stellwierk, fir d'Zich ëmzeleeden, hätt eng "onerklärlech" a "falsch Decisioun" getraff. 

Obwuel deen een Zuch nach op de Gleise stoung, krut deen aneren Zuch vum Stellwierk Gréng Luucht fir weider ze fueren. Doropshin ass deen een deem aneren hannendrop geknuppt. Am Zuch vum privaten Zuchbedreiwer Iryo souzen 147 Passagéier. An deem aneren, vun der staatlecher Renfe, bal 400 Passagéier.

Op d'mannst 74 Mënsche koumen dobäi ëm d'Liewen. Et goufen och ganz vill Blesséierter. 

Zuchsécherungssystem war net un 

Eigentlech ass op de spuenesche Schinnen een Zuchsécherungssystem LZB, dee kontinuéierlech d'Fuerverhale vun de Lokfürer iwwerwaacht an hinnen Uweisungen an d'Kabinne gëtt.

Wann een Zuch sech net un d'Vitessen hält oder d'Uweisunge vum Stellwierk net respektéiert, da kann dee System esouguer selwer d'Kontroll iwwerhuelen. Wéinst engem Computerausfall war deen zum Ament vum Accident awer net un. 

Firwat deen zoustännege Responsabele vum Stellwierk d'Gefor net gesinn huet kommen, bleift eng zentral Fro. Tëschent béiden Zich louchen nämlech 25 Kilometer, fir déi den Zuch ongeféier 17 Minutte gebrauch huet.

Et ass eng Enquête opgemaach ginn, fir déi genee Ursaachen ze klären.

Ausschreidungen tëschent Rietsextreemen an der Police

Rietsextreem Gruppéierungen haten zu Madrid fir e Protest géint de sozialistesche Premier Pedro Sánchez a säin Transportminister opgeruff. Dobäi sinn déi ronn 1.500 Demonstrante mat der Police uneneegeroden. Och gouf et Kritik vun der spuenescher Eisebunnergewerkschaft, déi haut streiken. 

D'Gewerkschaft vun de Lokfürer huet scho virum trageschen Ongléck fir haut ee Streik ugekënnegt. Si fuerdere Verbesserunge bei der Sécherheet op de Schinnen. 

Gëschter Owend stoung awer d'Trauer ëm déi Verstuerwen am Mëttelpunkt. A ganz Spuenie war um 20:00 Auer eng Gedenkminutt. 

© EPA/VICTOR LERENA
(Foto: EPA/VICTOR LERENA)

Erënnerungen un Ongléck am Januar

D'Ongléck erënnert un dat lescht, ganz schlëmmt Zuchaccident am Januar an Andalusien. Dobäi ware 46 Mënschen ëm d'Liewe komm. Deemools war een Zuch entgleist a mat engem anere frontal aneneegeknuppt. Iwwer 150 Mënsche waren dobäi blesséiert ginn.

Doropshin haten d'Eisebunner:innen a ganz Spuenie gestreikt. Si haten deemools gefuerdert, datt méi an d'Sécherheet vun de Schinnen investéiert soll ginn.

Mat 4.000 Kilometer Schinnen ass dat spuenescht Schinnennetz dat zweetgréisst op der Welt, hanner China.

Lauschtert hei weider Erklärunge vun eiser Korrespondentin aus Spuenien