Et gi Leit, déi an deem Accord mat Brasilien, Argentinien, Paraguay an Uruguay eng Chance gesinn. Dozou gehéiert zum Beispill de Lëtzebuerger Wënzer Laurent Kox. Hie war virun e puer Deeg op enger europäescher Wirtschaftsmissioun a Brasilien an hofft, datt hie seng Wäiner geschwë kann an dat südamerikanescht Land exportéieren. An dat huet och e gudde Grond.
"Am Moment ginn et 35.000 Brasilianer mat engem Lëtzebuerger Pass. A wa mir dovunner 10 Prozent kënne mat Cremant oder Wäin beliwweren, dann hate mir eppes geschafft."
Konkurrenz aus Südamerika ass schonn do
Mee déi Clienten - ob si elo e Lëtzebuerger Pass hunn oder net a Brasilien - déi mussen am Moment nach déif an d'Täsch gräifen, wa si europäesch Wäiner wëllen drénken. Si mussen nämlech eng Douanestax vu 27 Prozent op deene Wäiner bezuelen. An dat schléit sech natierlech dann am Präis néier.
"Normale Basic Wäin wäert dann dohannen 10 Euro kaschten. Cremant 30 Euro. Wëlls de Grand Cru, eppes wat ganz gutt ass, wat eng héich Qualitéit ass, da leie mir och bei 30 Euro. Haut de Gamm, extreem gutt Cremanten, ganz gudde Wäin, jo, da si bei 50 bis 60 Euro."
De Laurent Kox hofft dofir, datt de Mercosur-Accord et geschwë méiglech mécht, fir säi Wäin zu méi bëllege Präisser a Brasilien ze exportéieren. Mee fäert hien ëmgedréint net, datt säi Wäin dann och hei am Land méi Konkurrenz aus Südamerika kritt? Jo, mee déi wier souwiesou do, seet de Wënzer.
"Mir kréie jo och schonn hei chileenesche Wäin. Mir kréien nach argentinesche Wäin. Mir kréien den Däiwel hei a Lëtzebuerg. Mee do hu mir Europäer jo och net opgepasst. Déi kommen eran, ouni déi Tax vu 27 Prozent. A wa mir dann op déi aner Säit ginn, do hu mir 27 Prozent."
Dat kéint de Mercosur Accord also änneren, wann en dann definitiv vun den EU-Länner guttgeheescht gëtt.
Export muss sech lounen
De Laurent Kox wëllt elo mol kucken, ob nach aner Wënzer hei am Land oder an der Groussregioun Interessi hunn, fir hire Wäin a Brasilien ze exportéieren. Fir datt den Export sech lount, misst een nämlech e ganze Container gefëllt kréien an dofir ginn nawell vill Fläsche gebraucht. Eng 12 Pallette mat all Kéiers 600 Fläschen.