Den Accord gesäit vir, datt vill Douanestaxen op béide Säiten ewechfalen. D’EU exportéiert virun allem Autoen a chemesch Produiten, wärend d’Mercosur-Länner haaptsächlech landwirtschaftlech Produiten an Europa liwweren.
Déi véier südamerikanesch Staaten hunn den Accord scho ratifizéiert, op europäescher Säit steet dat awer nach aus.
Staark Kritik kënnt virun allem vun europäesche Baueren. Si fäerte Konkurrenznodeeler a warnen och viru méi nidderegen Ëmwelt- a Sozialstandarde bei Importer aus de Mercosur-Länner.