arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meteolux: Aktuell héich Temperature briechen nach kee Rekord

Klima

|
headphones

1 min

Meteolux: Aktuell héich Temperature briechen nach kee Rekord

Déi aktuell héich Temperaturen a vill Sonn zu Lëtzebuerg wieren net aussergewéinlech. Am 100,7-Interview erkläert de Luca Mathias vu Meteolux, datt een aktuell stabilt Héichdrockwieder hätt. Zënter Ufank leschter Woch hätten d’Wiedermodeller ugedeit, datt eng Period vu waarme Wieder kéint kommen. 

headphones

1 min

© Unsplash / Eelco Böhtlingk
(Foto: Unsplash / Eelco Böhtlingk)

An de leschte Jore géif een och méi heefeg observéieren, datt d’Temperaturen ëm dës Zäit iwwer 10 Grad klammen. D’Temperaturen hätten awer keng Rekordwäerter erreecht. Op der Moossstatioun um Findel wiere lescht Woch 17,4 Grad gemooss ginn.

De Rekord vu virun e puer Joer léich knapp 2,5 Grad driwwer, esou de Luca Mathias. Wéi et mam Wieder weidergeet wier awer schwéier virauszesoen. Sengen Erfarungen no, kéinte sou Wiederlagen och emol iwwer eng Woch eraus unhalen.

Mat weiderem Sahara-Stëbs ze rechnen

Et misst een elo kucken, wéi sech d'Wiedermodeller apendelen. 

"Mir hate jo och d'lescht Woch eng ganz kleng Episod vum Sahara-Stëbs, déi jo iwwer d'Regioun gezunn ass. An am Laf vun dëser Woch, haaptsächlech Richtung Mëttwoch, Donneschdeg, ass et erëm méiglech, datt mer e bësse Sahara-Stëbs an der Atmosphär iwwer Lëtzebuerg wäerten hunn."

Esou wäit de Luca Mathias. Meteolux huet och hire Wiederbilan fir de Wanter rausginn. Dee wier am Duerchschnëtt e bëssen ze dréchen an ze waarm gewiescht heescht et. Domat géif sech dëse Wanter an den Trend vum Klimawandel areien.