Radioen

On air

9 bis 1  |  Seed To Tree - A Little Life

play_arrow Live
search

/ Michel Grevis: "Ech sinn e virwëtzege Mënsch"

Sot emol

Michel Grevis: "Ech sinn e virwëtzege Mënsch"

Et begéint een ëmmer nees Mënschen, bei deenen ee sech selwer freet, iwwer wat solle mir dann elo primär schwätzen. Dozou gehéiert de Michel Grevis. Ob elo d’Schreiwen, den Theater, d'Zeechnen oder d’Gravur oder och nach d’Natur an d’Nohaltegkeet, den Zirkus oder politesch Aktivitéiten, all dës Theme passe bei de Michel Grevis.

auto_stories

4 min

headphones

56 min

play_arrow

De Michel Grevis ass e kreative Mënsch, deen ëmmer nees op der Sich ass seng Kreativitéit weider ze entwéckelen. Hien ass vu Formatioun hier Schoulmeeschter, eng Formatioun, déi hien um ISERP mat engem Musical zum Theema Immigratioun op en Enn bruecht huet. Duerno huet hie laang Joren zu Esch am Brill Schoul gehalen. Zanter Mëtt den 2000er Jore schafft hien am Centre de Jeunesse vum SNJ zu Huelmes.

Hien huet och vill geschriwwen: Gedichter, Theaterstécker. De Michel Grevis ass e Mënsch mat vill verschiddene Säiten, wéi e grouss faarwegt Buch an deem ee bliedere kann.

Méi wéi ee Liewe gelieft

De Michel Grevis seet ëmmer datt ee mam Alter op de Punkt kënnt an ee méi wéi ee Liewe gelieft huet. Hie selwer mengt, datt hien der vill gelieft huet. An och elo bleift hien nach virwëtzeg.

"Ech sinn ëmmer e virwëtzege Mënsch gewiescht an hu gesot, dat dote fannen ech cool dat wëll ausprobéieren. An da sinn Opportunitéiten am Liewe komm an dann huet een dat gemaach."

An esou gëtt et da fir alles eng Zäit. Et mécht een eng Saach ganz intensiv bis een eppes anescht begéint a sech dann dofir begeeschtert.

Hien ass wéi e Chameleon

De Michel Grevis ass e Mënsch dee gäre vill Saache mécht.

"Esou e klenge Chameleon vun der Konscht huet emol eng Schrëftstellerin zu mer gesot. D’Saach ass jo datt een eng Aart a Weis huet eppes auszedrécken. D’Form changéiert dann heiansdo. Heiansdo ass et méi d’Zeechnung, heiansdo ass et méi den Theater."

En organescht Wuessen

An dann eben déi Villsäitegkeet, datt de Michel Grevis eleng ka schaffen oder och Synergië mat aneren agoe kann. De Begrëff deen de Michel Grevis do gären nennt ass „organescht Wuessen“.

"E Bam wiisst jo och net riicht. Säi Stamm ass ënne riicht, mee da wiisst en an all Richtungen eraus. E wiisst net mat engem Aascht bis zum Enn."

Esou ass et dem Michel Grevis a sengem Liewen och gaangen. Säi Liewensbam ass och net riicht gewuess.

De Besoin kreativ ze sinn

Dem Michel Grevis säin neiste Projet un deem hie schafft dréit den Titel “Fragile”, well en einfach de Wëlle gespuert huet nees kreativ ze ginn an nees bei d’Zeechnen, besonnesch bei de “Nu” deen hie geleiert huet, zeréck ze goen. Et e Retour aux Sources. Bei dësem Projet kommen e puer Saachen zesummen.

"Mäi Papp war jo Schräinermeeschter. Mäi Papp konnt net vill mat Konscht ufänken, deen huet ni gesot dat wat s de gemaach ass gutt oder esou. Mee dat wat en ausgedréckt huet, huet en ausgedréckt andeems e Rumme gemaach huet."

An duerch déi Rummen, déi och nach 10 Joer beim Michel Grevis am Keller louchen, koum fir hien den Ament fir sech nach emol mat sengem Papp auserneen ze setzen, mat senger Familljegeschicht an en huet aus deene Rummendeeler nei Rumme gebaut.

Déi nei Rumme sti fir de neie Projet

Nieft de Rummen huet de Michel Grevis sech och nach un en alen Herbier erënnert deen hien eng Kéier fonnt huet, an deen och ze schuet war fir ewech ze geheien.

"An do huet mäi Meedchen, d’Hannah Ida, e Song gemaach iwwert d’Onsécherheet vu jonke Fraen iwwert hir Kierper. An ech war an engem Moment wou ech mer vill Gedanken iwwert Trennung an d’Fragilitéit vu Bezéiunge gemaach hunn an ech sot, hei kuckt, do kommen elo déi dräi Elementer zesummen."

De Michel Grevis huet dunn ugefaangen Nuen op Kallekpabeier ze molen an da sicht en Planz aus dem Herbier déi dobäi passt, an déi Zwee ginn dann eng Symbios an déi kommen dann an déi nei Rummen dran.

Wann de Michel Grevis fäerdeg ass mat sengem Projet “Fragile” géif e ganz gären déi Biller an enger aler Zär ausstellen. Säi Projet kann een och suivéieren op www.fragile.lu.

Lauschterenplay_arrow