De Bäitrëtt vu Montenegro kéint nach 2026 decidéiert ginn. Dat hat de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zejoert an enger Ried am Europaparlament gesot.
Och wéi säin Homolg aus Montengero am Juni zu Lëtzebuerg op Besuch war, huet sech de Premier optimistesch gewisen.
Luc Frieden am Juni: Montenegro "geschwënn" Member vun der EU
Seng éischt Previsioun war vläicht e bëssen ze vill optimistesch.
Mee Montenegro kéint effektiv dat Land sinn, wat als nächst Member vun der Europäescher Unioun gëtt.
Et gëllt den Ament awer souwuel an der Europäescher Kommissioun, wéi am Europaparlament net als onprobabel ageschat, datt d’Land um Balkan 2028 als 28. Member opgeholl gëtt.
EU-Ministesch: Montenegro huet geliwwert, elo ass et un der EU, dat och ze maachen
Wéi warscheinlech ass et, datt et 2028 wierklech esou wäit ass? Déi Fro ass vun der zoustänneger Ministesch vum klenge Land séier beäntwert.
"Jo", seet si ouni ze zécken am 100,7-Interview. D’Maida Gorčević weist sech ganz zouversiichtlech a baséiert sech op dat, wat Montenegro alles geliwwert huet.
Elo ass et un der EU hiert Verspriechen anzehalen, esou de Message vun der jonker Politikerin, déi zu Bréissel am Europaparlament als eng ganz dynamesch an iwwerzeegte Verkeeferin vun deem Message optrëtt.
Et war een hëtzege Summer, esou d’Ministesch: Keng Vakanz - weder fir d’Regierung, nach fir d’Parlament, wou am August eng ganz Partie Gesetzer en vue vun der EU-Memberschaft gestëmmt goufen.
Zënter 14 Joer lafen d’Verhandlunge mat der Unioun. Déi lescht zwee Joer gouf a Montenegro eng kräfteg Schëpp bäigeluecht.
Am Erweiderungsprozess sinn elo 18 Kapitelen ofgeschloss a bis Enn vum Joer sollen och déi 15, déi nach bleiwen, zougemaach ginn.
D’Land mat eppes iwwer 600.000 Awunner ass scho Member vun der NATO an huet och schonn zënter iwwer 20 Joer den Euro als Wärung agefouert.
Och dat hëlleft.
Ëmweltberäich: Et ass nach Aarbecht ze maachen
Et bleift awer nach ze dinn, seet den Thomas Waitz, EU-Deputéierte vun deene Gréngen.
“Was noch offen ist, ist Kapitel 27 Umwelt. Das ist ein sehr komplexes Kapitel”.
Dozou gehéiere Kläranlagen, Drecks-Deponien, Naturschutzgebidder, wou nach net alles do ass, wou et si soll, esou de grénge Politiker.
Och am Bankeberäich wieren nach Froen zu Lizenzen op, déi kéinte problematesch fir den europäesche Bankeraum sinn.
Trotzdeem ass den Éisträicher iwwerzeegt, datt Montenegro am Laf vum nächste Joer esou wäit ass, fir Member vum Club ze ginn.
100 Prozent Member - vun Ufank un
Mee ass d’EU hirersäits prett dofir ?
"Technesch gesinn ass d’EU prett. Mee d’Fro ass, ob de politesche Wëllen och do ass”
De Marjan Šarec, sloweenesche Liberalen, ass de Rapporter vum Parlament iwwert Montenegro.
"D’EU sollt Montenegro och aus geostrategesche Grënn integréieren. Well Moskau hätt d’Land gären ënner senger Kontroll an dat sollt verhënnert ginn."
Eent ass kloer: De Musterschüler Montenegro wëllt net stufeweis an d’EU - no engem Modell, dee Lëtzebuerg an aner Länner viru Kuerzem fir d’Erweiderung vun der Europäescher Unioun an d’Diskussioun bruecht hunn.
"Eng graduell Memberschaft ass éischter eppes fir Länner, déi nach net esou wäit si wéi Montenegro. Mir wëllen 100 Prozent do sinn, well mir liwweren och 100 Prozent."
Dat seet d’Ministesch aus Montenegro dozou.
Montenegro wëllt vum Muster-Kandidat zum Muster-Member ginn.
Emol dran, géif een och net mat Veetoe schaffen, versprécht d’Maida Gorčević.
Walen a Frankräich bréngen Onsécherheet
Bei aller Motivatioun weess d’EU-Ministesch awer, datt de Match nach laang net gemaach ass.
Net iwwerall ass den Enthusiasmus fir en neien EU-Member ganz grouss. Dat anert Joer si Walen, a Spuenien an a Polen - a virun allem a Frankräich, wou ee fir deen néidege Support suerge muss.
Wat Lëtzebuerg ugeet, mécht sech d’EU-Ministesch aus Montenegro éischter keng Suergen.
"Mir hunn ee grousse Support vum Ausseminister, mee och vum Premier"
Esou d’Maida Gorčević. Lëtzebuerg wier iwwerdeems ee Virbild.
"Lëtzebuerg ass ee Virbild fir eis, dofir wéi mir eis behuele, wa mir bis Member vun der Europäescher Unioun sinn."
Et wier och dat Land, wat ee wéinst senger wirtschaftlecher Entwécklung bewonnert.
Mediefräiheet a Gefor
An engem Beräich huet de Grand-Duché iwwerdeems ganz konkret eppes mam Erweiderungsprozess vu Montenegro ze dinn. Dorop weist den EU-Deputéierten Thomas Waitz hin.
Et geet em d’Onofhängegkeet vun de Medien, déi a Gefor ass, nodeems verschidde Medie vun Haiser opkaf gi sinn, déi dem serbesche President Vucic no stinn.
Dorënner den Adria-News-Reseau mat Sëtz zu Lëtzebuerg, zu deem och déi montenegrinesch Dageszeitung "Vijesti" gehéiert.
“Vijesti ist ein sehr wichtiges und einflussreiches Medienhaus, das in der Qualität seiner Berichterstattung europaweit anerkannt ist und redaktionelle Prozesse hat, die vergleichbar sind mit dem Guardian oder der New York Times."
D’Lëtzebuerger Autoritéite mussen déi Vente bekanntlech nach guttheeschen.
An der Tëschenzäit huet d’Redaktioun vu 'Vijesti' den Usproch erhuewen, selwer d’Zeitung ze iwwerhuelen.
Dat Recht wier hir rezent duerch ee Geriichtsurteel a Montenegro zougesprach ginn, esou den Thomas Waitz.
"Ich bin der Meinung, dass Luxemburg den Zusammenschluss solange nicht genehmigen sollte, solange nicht gewährleistet ist, dass die rechtlichen Voraussetzungen vor Ort auch eingehalten werden."
Mediepluralismus- a Fräiheet ass och eng Viraussetzung fir Member vun der EU ze ginn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.