Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Various Artists - “Moping In Style, a tribute to Adam Green”

100,7 Album vun der Woch

Various Artists - “Moping In Style, a tribute to Adam Green”

D’Crème de la crème vun der Indie-Zeen, vu Sean Lennon bis Libertines, vernäipt sech um Tribute-Album “Moping In Style” op ganz originell Manéier virum eegesënnege Songschreiwer Adam Green.

auto_stories

4 min

headphones

14 min

play_arrow

Seng gréissten Erfolleger huet den amerikanesche Museker Adam Green am Ufank vun den 2000er gefeiert. Antifolk nennt sech dee Genre, deem säi bekanntste Vertrieder de Green sollt ginn: d’Iddi war d’Eeschthaftegkeet vun der Folkmusek aus den 1960er Jore mat hiren engagéierten an idealisteschen Texter op d’Schëpp ze huelen.

Anarchistesch Optrëtter 

Dem Adam Green seng éischt Band The Moldy Peaches (iwwersat: déi verschimmelt Pijen), an där hien zesumme mat senger Songschreif-Partnerin Kimya Dawson komponéiert huet, konnt duerch anarchistesch Optrëtter d’Opmierksamkeet op sech zéien. 2007 war hiren Titel “Anyone Else But You” prominent am Film “Juno” (mam Elliot Page a Michael Cera) ze héieren. A genee wéi dem Ivan Reitman säi “Juno” onerwaart zum Indie-Hit gouf, war och Antifolk op eemol de Genre vun der Stonn.

Antifolk: Den Iwwerraschungseffekt war fort

Leider sollt den Antifolk-Mouvement eng Stäreschnäiz bleiwen. Dem Adam Green seng Texter hu mat skurrille Beschreiwungen a gär och emol onappetitleche Metapheren – ëmmer mat grousser Eeschthaftegkeet an enger déiwer Crooner-Stëmm virgedroen – op en Iwwerraschungseffekt gebaut, deen sech awer mat der Zäit ofgenotzt huet.

An och déi bewosst amateurhaft Begleedungen an d’Arrangementer, déi u Kannerlidder erënnert hunn, ware charmant, awer offensichtlech net fir d’Éiwegkeet geduecht. Souguer den Adam Green selwer huet 2010 mat sengem Album “Minor Love” dem Antifolk de Réck gedréint. Eng Zäit laang huet hie kaum méi Musek gemaach an amplaz gemoolt a Filmer gedréint. Aus dem Näischnotz vun deemools, deen sech alles getraut huet an dee säi Publikum esou dacks schockéiert huet, bis kee méi richteg schockéiert war, hätt ënner Ëmstänn kënnen eng tragesch Figur ginn.

Nei-Interpretatiounen op verschidde Sproochen

Mee firwat huet een da Frënn, wann et net ass, fir engem a schwierege Momenter zur Säit ze stoen? Eng gutt 30 Musekerinnen a Museker hu sech zesummegedoen, fir op “Moping in Style” (Jéimere mat Stil) d’Wierk vum Adam Green nach eemol op de Leescht ze huelen. D’Gäschtlëscht ass esou impressionant, datt se errode léisst, wéi grouss dem Green säin Afloss haut nach ass: souwuel etabléiert Nimm wéi The Libertines, The Lemonheads, de Father John Misty, den Devendra Banhart an de Sean Lennon si mat derbäi, awer och déi nei Generatioun vu SongschreiwerInnen ass vertrueden, vun The Lemon Twigs iwwer Cut Worms bis bei d’Joanna Sternberg.

Souguer Landesgrenzen oder Sproochebarrière schénge keng Roll ze spillen: de franséische Chansonnier Vincent Delerm adaptéiert einfach emol den Titel “Friends of Mine” (vum Adam Green sengem erfollegräichen Album mam selwechten Numm) op Franséisch, de Brasilianer Rodrigo Amarante interpretéiert nach eemol de “Birthday Mambo”, deen hien och schonn eemol mam Meeschter selwer opgeholl hat.

Vu Folk oder Antifolk ass net méi vill iwwereg

Erstaunlech ass dann och virun allem, wéi ënnerschiddlech déi verschidde Versioune sinn a wéi ofwiesslungsräich dësen Album ass. “We’re not supposed to be lovers” vun der Regina Spektor an hirem Mann Jack Dishel begeeschtert duerch melodesch Liichtegkeet, dem Ben Kweller säin “Her Father and Her” ass musikalesche Storytelling vum Feinsten, an iwwer den Dooors (sic) hir “Musical Ladders” am Doors-Sound wonnert een sech. Wien sech un den Adam Green just duerch seng Hits “Jessica Simpson” oder “Emily” erënnert, dee wäert iwwerrascht sinn, wéi villsäiteg de Kënschtler ass a wéi vill et ze entdecke gëtt.

Just vu Folk oder Antifolk ass hei net méi vill iwwereg. Et ass haaptsächlech gutt gemaachte Popmusek, déi hei gebuede gëtt. Ier een sech et dann awer ze vill kamoud mécht, gëtt een ëmmer erëm vun där enger oder anerer explizitter Textzeil aus dem Konzept bruecht. Den Adam Green versteet sech natierlech bewosst als Agent provocateur. An enger Zäit wou Hits wéi “... Baby One More Time” oder “Genie in a bottle” op dacks hypokritesch Manéier mat Zweedeitegkeete gespillt hunn, waren dem Adam Green seng Texter ëmmer eendeiteg zweedeiteg. “Moping In Style” erënnert een dorunner, wéi schéi Popmusek ka sinn, besonnesch wann se sech selwer just esou eescht hëlt, wéi néideg.

Lauschterenplay_arrow