Radioen

On air

Notturno  |  Sam Gendel - Anywhere Feat. Meshell Ndegeocello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d’Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Nei Musek

Op d’Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Et gëtt esouvill nei Musek ze entdecken. D'Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

auto_stories

2 min

© Lynn Theisen
(Foto: Lynn Theisen)

Op Men I Trust hirem "Girl" zirpen d’Geie wéi Grillen an de Piano héiert ee vun der Terrass duerch de Wand. Der englescher TikTok-Star Rachel Chinouriri hiert neit Stéck “Can We Talk About Isaac” ass wéi fir den amerikanesche College-Radio geschlaff. Wou geet et hin? D’Lëtzebuerger Sängerin Ninon weess ee Wee op hirer neier Single, déi vu Francis of Delirium hirem Jana Bahrich produzéiert ass, an och esou kléngt.

Och aus Lëtzebuerg, via Berlin, féiert das Radial seng Rees duer d’Ierwelte vum Digitalen op "Tür_Politik" weider, wärend d’Miso Extra op Pop ganz aus Pixel ze bestoe schéngt. D’C-MAT ass erëm do, Clara Thompson, eng iresch Country-Pop-Musekerin, déi op "Running/Planning" och no enger méi stabiller Upak sicht.

Ee grousse Favorit fir dës Woch ass de schotteschen Duo No Windows, dee kierzlech op Fat Possum records gesigned gouf a mat “Return” déi perfekt Mëschung aus Folk a Pop trëfft.

Rachel Chinouriri – Can We Talk About Isaac?

Men I Trust – Girl (2025)

Ninon – She’s Got A Way

Miso Extra – POP

DasRadial – Tür_Politik

Cmat – Running/Planning

No Windows – Return