Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Weather Station: Iwwer d’Konditioun vum Mënsch-Sinn

Album vun der Woch

The Weather Station: Iwwer d’Konditioun vum Mënsch-Sinn

Fir The Weather Station hire sechsten Album huet d’Bandleaderin Tamara Lindeman Gittar a Banjo mam Saxofon a Piano ersat. Si hëlt eis dobäi mat op eng Rees duerch watteg Klanglandschaften, an deene Baussen- a Bannewelte matenee verschmëlzen. An och wann den Nolauschterer domat genuch Stoff zum Nodenken zerwéiert kritt, bleiwe Melodie an Album zougänglech.

auto_stories

3 min

Foto: The Weather Station/Bandcamp

Wann ee “Humanhood” mat fréiere Wierker vun The Weather Station vergläicht, fält engem virun allem ee méi eleganten, fléissenden, an och verbonnene Sound op.

Vum Land an déi grouss Stad

D’Tamara Lindeman huet The Weather Station viru knappen 20 Joer gegrënnt. An hirem Debut an och an de Placken, déi nokoumen, dominéiert virun allem ee folkegen, akusteschen an äerdege Klang. E gréisseren Duerchbroch ass The Weather Station du viru véier Joer mat hirer Scheif “Ignorance” gelong. Gittar a Banjo goufen zum gréissten Deel vu Saxofon, Synthesizer a Piano ersat, an dat gëllt och fir hiren neien Album "Humanhood".

All Instrumenter verschmëlzen zu enger waarmer a watteger Klangfaarf. Et d’klengt sou, wéi wann d’Leaderin vum Projet, d’Tamara Lindeman, d’Folkmusek schlussendlech vum Land bis an déi grouss Stad verschleeft huet.

Kohärenz a Wouerecht sinn zerfall

Och am Schreiwen beweegt si sech vun der Peripherie a Richtung Zentrum. Oder an anere Wieder: Gefiller a Reflexiounen iwwer den Zoustand vun eisem Planéit, also dat Baussecht, fléissen ëmmer zu hier selwer zeréck. An dat huet och ee Grond: No der Pandemie hätt d’Tamara Lindeman u chronescher Depersonaliséierung gelidden. Eng Krankheet wouduerch si d’Gefill zu sech selwer verluer hätt. Kohärenz a Wouerecht wieren zerfall. Eppes wat gläichzäiteg och duerch den Opschwong vu Falschinformatiounen a Verschwörungstheorien an der Gesellschaft geschitt wier.

Genee dat hätt si mam Recht vun der Welt verbonn, wouduerch dann och de Lien vum Mënsch zur Welt verstäerkt gi wier.

Eng zentral Metapher

Iwwer de ganzen Album séngt d’Tamara Lindeman ëmmer nees iwwer Kierper a Welt, a wéi dee sech an där befënnt a beweegt. Si spillt hei éischter mat de Konzepter vu grouss a kleng, dem Dozougehéieren, an och Deel vun engem gréisseren Element ze sinn. An där Uerdnung gëtt den eenzele Kierper dann zu engem eegenen, separaten Acteur, deen och eng eege Fäegkeet fir ze Handele kritt.

Eng Metapher, op déi d’Tamara Lindeman gären zeréckgräift, ass déi vun der gestréckter Decken. Aus enger Panoplie vun Andréck an Emotiounen iwwer d’Liewen an d’Welt wieft si ee grousst Geflecht, eng Geschicht. Well - genee sou wéi fir d’Welt - bräicht een nämlech och fir sech selwer een Narrativ. Ouni dee géif alles Zesummefalen.