Radioen

On air

Notturno  |  Florence Adooni - Mam Pe'ela Su'ure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvéco kritiséiert ee widderspréchleche Serge Wilmes

Am Kader vun der COP16

Mouvéco kritiséiert ee widderspréchleche Serge Wilmes

Am Kader vun der UN-Biodiversitéitskonferenz a Kolumbie gouf et schaarf Kritik vum Mouvement écologique um Ëmweltminister Serge Wilmes. Lëtzebuerg géif net genuch ënnerhuelen, fir de Schutz vun der Biodiversitéit ze fërderen, an dat trotz der Presenz vum Serge Wilmes op der COP16.

auto_stories

1 min

© UICN
Foto: UICN

Lëtzebuerg géif onglafwierdeg wierken, heescht et an engem Communiqué vum Mouvement écologique. Wärend op der Konferenz a Kolumbie Mesurë géint d‘Verschwanne vun Déierenaarte gefuerdert ginn, huet Lëtzebuerg viru kuerzem fir d‘Erofsetze vum Schutzstatus vum Wollef an der EU gestëmmt.

Ausserdeem géif Lëtzebuerg selwer déi eege Biodiversitéits-Ziler verfeelen. Ënnert anerem d‘Mesurë vum Naturschutzplang fir 2030 géifen nëmme lues viru kommen.

De Mouvement écologique fuerdert méi Verantwortung an eng besser Finanzéierung, fir d‘Krise vun der Aartevillfalt ze bewältegen.