Et wier net genuch Waasser disponibel fir d‘Anlag ze killen. Dowéinst géif Google elo op eng Loftkillung setzen. Dat géif an Dokumenter iwwer d’Ëmweltimpakt-Etüd stoen, déi een online um Site emwelt.lu fënnt, esou de Mouvement Ecologique.
Loftkillung a keng Waasserkillung
Eigentlech wier et gutt, datt Google an d‘Regierung elo gesinn hätten, datt eng Waasserkillung vum geplangten Datenzenter zu Biissen net méiglech ass, seet d‘Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber am 100,7-Interview.
Si bedauert awer, datt et esou laang gedauert huet, fir dann elo awer eng Loftkillung am Plaz vun enger Waasserkillung fir den Datenzenter virzegesinn.
“Mir hunn ëmmer als Mouvement Ecologique gesot, majo do brauche mir gigantesch Quantitéite Waasser, déi mir zu Lëtzebuerg net hunn. (...) An eigentlech ass de Mouvement scho vun der ëffentlecher Säit ugegraff ginn, fir dass mir lo feststellen, datt am Dossier, deen elo ausläit, (...) kloer festgehale gëtt (...), dass eng Waasserkillung net méiglech ass, well mir net genuch Waasser hätten.”
Mouvement Ecologique verlaangt weider Detailer
Domat wieren awer nach laang net all d‘Froen iwwer den Ëmwelt-Impakt vum geplangte Google-Datenzenter zu Biissen beäntwert, betount d‘Mouveco-Presidentin Blanche Weber.
Et géife weider wichteg Prezisioune feelen, zum Beispill, wéi effikass eng Loftkillung vum Datazenter wierklech ass, wéi vill Energie dofir gebraucht géif ginn. Et wier problematesch, wa Google bei esou Froe weider op d‘Produktiounsgeheimnis insistéiert, fir keng Zuelen eraus ze ginn.
“Mir verstinn, dass e Betrib scho seng Technologie an engem gewësse Sënne muss schützen. Mee mir fannen awer, dass d'Ëffentlechkeet en Urecht drop huet ze wëssen, wéi vill Energie gëtt da lo verbraucht a wou kënnt se hir, a wat geschitt mat der Oofwäermt?”
Et bleiwen also nach vill Froen op, dorënner och déi, ob a wéini Google de geplangten Datenzenter zu Biissen wierklech wäert realiséieren.
"Google muss alles oppe leeën"
De Premier Luc Frieden hat bei senger Visitt an den USA am November gesot, den Dossier Google wier zënter Joren net weider komm. A Google hätt sech bis elo och net richteg an d’Kaarte kucke gelooss.
De Mouvemenent Ecologique fuerdert fir déi nächst Schrëtt an dësem Dossier op alle Fall méi Transparenz.
“A mir erwaarden eis awer elo dës Kéier, dass ier dat doten an d'Prozedur geet, Google alles muss offe leeën, wat elo nach feelt.”