arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Beem fir de Bobësch, déi dem Contournement zu Affer gefall sinn

Natur an Ëmwelt

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Nei Beem fir de Bobësch, déi dem Contournement zu Affer gefall sinn

Um Bord vum Bobësch tëschent Suessem a Käerjeng gouf et gëschter um Samschdegmoien eng symbolesch Aktioun fir nei Beem unzeplanzen. Dëst op enger Plaz, wou de Bësch op 500 Meterkaree duerch Stroossenaarbechten zerstéiert gouf.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Déi Aktioun gouf vun der Suessemer Biergerinitiativ BIGS, zesumme mam Mouvement écologique an der Suessemer Sektioun vun natur&ëmwelt organiséiert. Zënter e puer Joer ass d’BIGS am gaangen, sech géint de Projet Contournement ze wieren, deen ee weidert gutt Stéck vum Bobësch géif zerstéieren.

Wäermt amplaz Fiichtegket a Schiet

Beim Projet Contournement Käerjeng géif um Bord vum Bobësch op Suessemer Säit eng 30 Meter wäit eran ofgeholzt ginn. Dat wier fir dee wäertvollen alen a relativ klenge Bësch ewéi eng Wonn, déi den Equiliber vun deem ganzen Areal a Fro géif stellen, erkläert de Roger Schauls vum Mouvement écologique.

"An do, wou virdru Schiet, Fiichtegkeet war, kënnt elo op eemol d'Wäermt mat der Sonn eran. Dat heescht, de Buedem dréchent vill méi séier aus, de Bësch-Innen-Klima verännert sech deementspriechend. An dat ass fir Beem eigentlech relativ terribel. Si sinn op dee fiichten Hallefschiet ugewisen."

Net wäit ewech vun der Suessemer-Käerjenger Gare gouf duerch Stroossenaarbechten eng Fläch vu 500 Meterkaree zougetippt. Dat mat engem leemege Buedem, deen eigentlech hätt sollen oftransportéiert ginn.

Zu 30 Persoune sinn se komm fir déi kal Fläch nees mat Beem unzeplanzen, mee et gesäit een et: De Buedem ass pecheg a glëtscheg. D’Beem wäerte Joerzéngte brauchen, fir nees hir Funktioun ze assuréieren.

Just eng vun e puer Aktiounen

Et ass eben eng symbolesch Aktioun. Eng vu villen, déi d’BIGS, natur&ëmwelt an de Mouvement écologique lancéiert hunn, fir de Bobësch ze erhalen. Een aneren alternativen Tracé gouf virun e puer Joer proposéiert op Käerjenger Säit, erkläert de Marco Goelhausen vun der BIGS.

"Dat war d'Variant 3. Déi ass och vun der Ponts et Chausées gepréift ginn. Déi wier machbar gewiescht. Déi war e puer honnert Meter méi erof, op Käerjenger Säit, ënner der Strooss erduerch, een Tunnel, an dat hätt elo keng grouss Strooss misste sinn. Mee dat wollt natierlech dann d'Käerjenger Gemeng net hunn, datt op hirer Säit do opgerappt gëtt."

Weider misst een den ëffentlechen Transport un d’Besoine vun de Bierger:innen upassen, betount d’Myriam Cecchetti Gemengeconseillère vun déi lénk.

D’Biergerinitiativ huet da mat Memberen ee Recours géint de Contournement vu Käerjeng an d’Weeër geleet. A knapp engem Joer sinn um Verwaltungsgeriicht Plädoyeren, a mat engem Urteel ass 2027 ze rechnen.

play_arrow Lauschteren