No dësem neie Gesetz wäerte Rechnunge bis Enn 2035 berechtegt sinn an Demandë kënne bis Enn 2039 eragereecht ginn.
Mat dem neie Reglement gëtt och de Prefinanzement fir zum Beispill d’Installatioun vun enger Wäermepompel agefouert. Ausserdeem soll d’Energieberodung an d’Hëllefssystem vereinfacht ginn.
Zudeem gi weider temporär Hëllefsmesuren aus dem Tripartitesaccord agefouert. Esou wäerte bis Enn Juni 2027 d’Subside fir d’Installatioun an d’Sanéierung vu Wäermepompelen zousätzlech erhéicht ginn.
Gesetz erschwéiert Energietransitioun fir verschidde Leit, esou d'Joëlle Welfring
Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring huet awer Bedenken ausgedréckt, datt méi akommesschwaach Persoune weiderhin net d’Méiglechkeet wäerten hunn, op déi ëmweltfrëndlech Energie ëmzeklammen.
"Mam Usproch fir sozial méi gerecht ze ginn an ze vereinfachen, gouf vu Pauschalmontanten agefouert, déi Anlage mat menger klenger Leeschtung favoriséieren. Et gouf och e Malussystem, jo, Här Minister, dat nennt een esou, erabruecht fir Fäll, an deenen eng bestoend Gasheizung net direkt erausrappe wëll oder ka sougenannten Hybrid-Systemer."
Ausgerechent an enger Zäit, wou ee méi Leit wéilt fir d'Energietransitioun gewannen, géing dësen Text op verschiddene Plazen et méi schwéier maachen, esou d'Joëlle Welfring.
"Mir deelen den Usproch, fir d'Aidë méi sozial cibléiert ze maachen, mee d'Gréisst vun enger Anlag hänkt vun technesche Contraintë vun engem Gebai of."
Dat hätt a priori näischt mam Akommes vun de Leit ze dinn, esou nach déi gréng Politikerin.
Verschidde Leit ginn ausgeklammert, esou d'Blanche Weber
Virum Vott iwwer d'Gesetz "Klimabonus-Wunnen" hat de Mouvement écologique eng sozial Staffelung vun de Subside gefuerdert.
D’Gesetz hu si zwar grondsätzlech begréisst, awer trotzdeem och kloer Kritik geäussert. De Mouvement stéiert sech dorun, datt net jiddereen d’Nämmlecht vun de Subside profitéieren a fuerdert an deem Kader sozialgestaffelt Subsiden.
Virun allem Persoune mat manner finanzielle Revenue wiere vun de Suite vun der Klimakris betraff.
Déi ugeduechte Subside géife genau dës sozial Grupp ausschléissen an déi betraffe Persounen domadder aus der Ökotransitioun ausschléissen, erkläert d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique.
“Et ass esou, datt all déi Subsiden am Ablack déi Leit ausklammeren, déi net Geld hunn, fir iwwerhaapt emol deen éischt Invest ze maache wéi eng Wärmepompel. Et kritt een zwar e Subsid, mee et muss een awer nawell e gewësse Montant op den Dësch leeën, dee sech am Laf vun der Zäit total rentéiert, finanziell an aus ökologescher Sicht souwisou."
Mee wann ee guer kee Geld hätt, da kéint een och kee Geld virstrecken, esou nach d'Blanche Weber.
"Betraffe Persoune ginn ausgeschloss"
Dem Mouvement Ecologique no géifen d'Ënnerstëtzunge fir Photovoltaikanlagen oder Wärmepompelen dës sozial Grupp dacks net erreechen. Och déi zousätzlech 2.000 Euro Subside fir Wärmepompelen, déi am Kader vun den Tripartiteverhandlunge beschloss goufen, géifen deene Leit mat manner finanzielle Mëttelen net weiderhëllefen.
Domat géifen déi betraffe Persounen aus der Ökotransitioun ausgeschloss ginn, esou nach d’Blanche Weber.