Lëtzebuergesch Grupp C'Est Karma hat de leschten November zu London gespillt. Et war hiren éischte Concert a Groussbritannien. Scho Woche virum Optrëtt huet si sech missen ëm Dokumenter fir d'Arees këmmeren.
"De leschte Mount war schonn opwänneg fir rauszefannen, wei dat lo geet. Brauch een ee certificate of sponsership. Et kascht Suen, natierlech an dann hu mer misse rausfannen, wéi dat mam Material geet well een dat theoretesch verzolle muss, an dat kascht och Suen. Alles kascht Suen an et muss een alles mega penibel deklaréieren. Et ass bësse Wansinn fir an England spillen ze kommen."
Fir all EU-Land gëllen aner Ufuerderungen u Brittesch Kënschtler:innen
Fir Museker:innen aus Groussbritannien, déi an der Europäescher Unioun toure wëllen, ass et nach méi opwänneg. Well déi musse sech mat den ënnerschiddlechen Ufuerderunge vun all eenzel Land rëmklappen. Si musse sech zum Beispill informéieren, ob si e Visa oder eng Aarbechtserlabnis brauchen, fir all Land an deem se optriede wëllen.
D‘Museker:inne sinn awer och un de Schenge Visa-Waiver gebonnen. An dee schreift vir, datt ee sech just 90 Deeg an engem Zäitraum vun 180 Deeg an der EU ophalen dierf. Perséinlech Vakanzen zielen do och. Do muss also jiddereen an enger Band oppassen, wéi vill Deeg en nach ze gutt huet. Fir eng laang Tour kann et da bemol knapp ginn.
Wei d'Karma Catena scho sot, kënnt dann och nach dobäi, datt d‘Museker:innen hir Instrumenter deklaréiere mussen. Bei engem Orchester zum Beispill, wou jo vill Museker:innen an Instrumenter op der Rees sinn, ass dat eng grouss administrativ Aarbecht. Mee och méi kleng Bands leiden dorënner well déi et sech net ëmmer leeschte kënnen, Zäit fir laang Douanes-Kontrolle mat anzeplangen.
"De Carnet ass déi gréissten Zäitverschwendung"
D'Serra Petale vun der Londoner Band Los Bitchos, déi am Abrëll zu Lëtzebuerg um Out of the Crowd Festival gespillt hunn, ass kee Fan vum Brexit, an och net vum Carnet, dat Douanes-Dokument, wat hir Band fir d'Instrumenter muss hunn.
"All Kéiers, wa mir an d'EU areesen, muss mer dee Carnet ausfëllen. Menger Meenung no, ass dat déi gréissten Zäitverschwendung. Et ergëtt kee Sënn an et ass eng Schan, datt et dozou komm ass."
D‘Europäesch Unioun war nach ëmmer ee grousse Marché fir d’brittesch Museksindustrie. Virum Brexit konnte Museker:inne fräi an der EU reesen an touren. Sou konnt e flotten Echange entstoen, wou och méi kleng Bands et iwwer d'Grenze gepackt hunn.
Vill Hoffnung fir de Sommet
Eng Ëmfro vun der Independent Society of Musicians (ISM) virun zwee Joer huet illustréiert, wéi eng Auswierkungen de Brexit awer fir d‘Museker:innen hat. Bal d‘Hallschent vun hinne soten, si hätten zënter dem EU-Austrëtt manner Aarbecht an Europa. Méi wéi e Véierel sot souguer, si hätte guer keng Aarbecht méi an der EU gehat zënter dem Brexit.
Museker:innen hate grouss Hoffnunge fir dëst Joer, wou den neien Accord tëscht der EU a Groussbritannien verhandelt gouf. An d'Thema gouf och um Sommet am Mee opgegraff, mee et koum näischt Konkretes dobäi raus. Groussbritannien an d'EU wieren awer sech awer eens, datt ee weider Efforte maache wëll, fir de kulturellen Austausch an d‘Toure vu Kënschtler:innen ze fuerderen.
Dëst Versprieche wier e wichtege Schratt op dem Wee zu engem neien Deal, sou den Tom Kiehl, Chef vun UK Music, enger Organisatioun déi Aarbechter:innen aus der Museksindustrie vertrëtt. Et wier héich Zäit, datt d‘Situatioun sech verbessert, sot hie weider.
Touren a Groussbritannien just nach een Hobby?
Touren an der Europäescher Union bleift also weiderhi fir brittesch Museker deier a komplizéiert. Och wäerten sech vill europäesch Gruppen iwwerleeën, ob et sech nach rentéiert, a Groussbritannien ze kommen.
Sou sot och de Pelle Almqvist, de Sänger vun der schweedescher Band The Hives, an engem Interview mat der Associated Press, datt Concerten a Groussbritannien ze spillen, éischter een Hobby wäert ginn. Well et kee wirtschaftleche Virdeel méi huet, wäert een do och manner spillen.