arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsbesuch vun der brittescher Kinnekskoppel am Vatikan

Roum

|
headphones

1 min

Staatsbesuch vun der brittescher Kinnekskoppel am Vatikan

De brittesche Kinnek Charles an déi brittesch Kinnigin Camilla ginn zu Roum vum Poopst Leo am Vatikan empfaange. Et ass eng Staatsvisitt déi am Zeche vun engem Rapprochement vun der kathoulescher an der anglikanescher Kierch steet. De Kinnek Charles III. ass de Chef vun der anglikanescher Kierch.

headphones

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Zënter dem 16. Joerhonnert ass déi anglikanescher Kierch vun der kathoulescher getrennt. Traditionell ass den englesche Monarch oder d'Monarchin och gläichzäiteg ieweschte Chef vun der englescher anglikanescher Kierch.

Um Plang vun der kinneklecher Koppel stinn ënner anerem eng Audienze beim Poopst, esou wéi ee gemeinsaamt Gebiet an der an der sixtinescher Kapell. Et ass déi éischt Mass vun dëser Aart zënter der Reformatioun am 16 Joerhonnert ënner dem deemolegen englesche Kinnek Henri VIII.