Radioen

On air

One World  |  Spring Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach bis 10 Auer ass den Zuchverkéier tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg perturbéiert

CFL deelt mat

Nach bis 10 Auer ass den Zuchverkéier tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg perturbéiert

Den Zuchverkéier tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg ass haut um Donneschdegmoie perturbéiert. Dat wéinst engem technesche Problem mam Gleis op der Héicht vu Beetebuerg. Dat huet d‘CFL hënt an engem Communiqué matgedeelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ZB | Sascha Steinach
(Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

D'Maintenance-Ekippe wieren op der Plaz, fir de Problem ze léisen. Vun 10 Auer u soll den Zuchtrafic tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg nees progressiv ulafen, esou d'CFL. 

Fir méi Informatiounen iwwer Alternativen an Horairë solle betraffe Passagéier déi mobil Applikatioun CFL consultéieren oder de Site cfl.lu.