D’Zil vun enger Zukunft, an där am Stroosseverkéier kee méi säi Liewe verléiert, wier ambitiéis, mee wichteg, sou d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.
“Eng ganz kloer an 100 Prozent Garantie, datt mir op 0 Affer op eise Stroosse kommen, hu mir natierlech net. Mee ech mengen, dat soll eist Zil sinn, a do musse mir zesummen drop hischaffen.”
Fir dëst Zil ze erreeche setzt den nationale Plang op eng Upassung vum Code de la route. Virgesinn ass ënnert anerem eng Revisioun vu Strofe wéinst Alkohol an Drogen um Steier. Wéi héich dës Strofen ausfale kënnen, geet awer nach net den neie Mesuren ervir.
“Mir gesinn, datt d’Strofe bei eis net ëmmer à la hauteur sinn am Verglach wéi et an anere Länner ass.”
Zuel vu Radare soll net "drastesch" eropgoen
Weider soll d’Formatioun fir de Fürerschäin iwwerschafft an d'Fahrlehrer besser ausgebilt ginn. Och soll d’Méiglechkeet vu Radaren, déi Handyen um Steier erkenne kënnen, analyséiert ginn. Allgemeng soll méi op mobil Radare gesat ginn. Prinzipiell wier awer net virgesinn, d’Unzuel u Radaren drastesch eropzeschrauwen.
“Ech si wierklech net en Faveur vun enger Multiplikatioun vu Radaren iwwer d’ganzt Land. Datt déi wéi Champignonen wuessen. Mee do, wou et néideg ass, do soll ganz spezifesch analyséiert ginn, datt dat do eppes bréngt.”
Och net virgesi wier den ëmstriddene Sujet "Tempo 30", sou nach d’DP-Mobilitéitsministesch.
“Haaptsächlech mengen ech solle mir kucken, datt mir ronderëm Schoule gutt oppassen, mee nee, ech wäert elo net wëllen d’ganzt Land ënner 30 stellen, nee.”
Dësen nationale Plang fir méi Verkéierssécherheet ass am Koalitiounsaccord virgesinn a krut och scho gréng Luucht vum Regierungsrot.