arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationale Streik géint geplangte Reformen a Spuermesüren - Bus, Zuch a Fliger betraff

Belsch

|
headphones

1 min

Nationale Streik géint geplangte Reformen a Spuermesüren - Bus, Zuch a Fliger betraff

An der Belsch muss ee sech muer um Donneschdeg op gréisser Pertrubatiounen am ëffentlechen Transport an am Fluchverkéier astellen. Et ass en nationale Streik ugekënnegt.

headphones

1 min

EPA/OLIVIER HOSLET | © EPA/OLIVIER HOSLET
Drëtte Streikdag an der Belsch (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

D‘Gewerkschaften hunn d‘Salariéen opgeruff, d‘Aarbecht néierzeleeën, fir géint déi geplangte Reformen a Spuerpläng ze demonstréieren.

Betraff si Bus an Zuch am ganze Land. Déi zwee grouss Fluchhäfen an der Belsch - Bréissel a Charleroi - hunn ugekënnegt, datt muer kee Fliger wäert starten. Zu Charleroi sinn och keng Landunge geplangt.