arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Streikdroung: Samsung muss Deel vu Profitter duerch KI u Mataarbechter ofginn

Südkorea

|
reading time

1 min

No Streikdroung: Samsung muss Deel vu Profitter duerch KI u Mataarbechter ofginn

De südkoreaneschen Technologie-Konzern Samsung huet op den Drock vun de Gewerkschaften noginn. De Konzern ass d’Accord, en Deel vun de Profitter duerch d’Kënschtlech Intelligenz un d’Mataarbechter:innen an der Form vun héije Primme weider ze ginn.

reading time

1 min

Deemno kënnen 78.000 Samsung-Employéeën, déi an der Chip-Produktioun schaffen, e Bonus vu bis zu ëmgerechent 290.000 Euro pro Persoun kréien. Dat si ronn 10,5 Prozent vum Gewënn vun der Entreprise zejoert. D'Firma huet zejoert ee Rekordgewënn vermellt vun ëmgerechent knapp 33 Milliarden Euro. Dat ass ongeféier dat aachtfacht vum Gewënn vum Joer virdrun. 

Den Accord gouf ugeholl nodeems d‘Gewerkschafte mat engem Streik vun 18 Deeg vun de ronn 48.000 Membere gedreet haten.