arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IG Metall rifft zu engem Warnstreik bei VW op

Däitschland

|
reading time

1 min

IG Metall rifft zu engem Warnstreik bei VW op

Déi gréissten däitsch Gewerkschaft IG Metall huet haut um Méindeg all d'Salariéë vu Volkswagen op en Neits zu engem Warnstreik opgeruff. Op am Ganzen 9 Standuerter solle si wärend 4 Stonnen hir Aarbecht néierleeën.

reading time

1 min

VW | © picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg
VW (Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg)

Haut um Méindeg sollen d'Tarifverhandlunge virugeféiert ginn. D'Direktioun vu VW wëllt Spuermesuren aféieren, wärend IG Metall eng Garantie vun den Aarbechtsplaze fir déi ronn 130.000 Mataarbechter verlaangt.