arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 2,6 Millioun Autoe vu Volkswagen an Audi kéinten technesch Problemer kréien

Volkswagen an Audi

|
reading time

1 min

Iwwer 2,6 Millioun Autoe vu Volkswagen an Audi kéinten technesch Problemer kréien

Déi däitsch Verwaltung fir Autoen deelt mat, datt et bei enger ganzer Partie Autoe vu VW a senger Duechtergesellschaft Audi kéint zu Problemer mam Steierrad kommen, wann do eng Schrauf ofbrécht.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk)

Fir datt et net esou wäit kënnt, datt déi Schrauf ofbrécht, muss se ersat ginn, deelt déi zoustänneg Administratioun mat. 

Betraff si d'VW-Modeller Tiguan, Touran, Golf Variant, Caddy a Golf, déi tëschent dem 24. Septemer 2013 an dem 1. Juli 2024 produzéiert goufen. Weltwäit sinn domat ronn 2,16 Milliounen Autoe betraff.

Och déi Audi Q3-Modeller, déi tëschent dem 31. Oktober 2017 an dem 23. Mee 2024 produzéiert goufen, hunn dee selwechte Problem. Betraff sinn eng 700.000 Autoe weltwäit.