Dat heescht, all d’Gemengerechunge kënnen op enger eenzeger Plattform ugewise ginn. Dat gouf de Moien op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun der Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin an dem Inneminister Léon Gloden mat Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg, dem Gemengesyndikat Syvicol an dem SIGI (Syndicat intercommunal de gestion informatique) matgedeelt.
Bei dëser neier Méiglechkeet op der Plattform MyGuichet.lu geet et also ëm déi administrativ Vereinfachung fir d’Bierger, an ëm d’Digitaliséierung vun de Gemengerechnungen.
Der Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin vun der DP no, géif MyGuichet.lu sech domat elo bei de Gemengen etabléieren.
"Fir d’Rechnunge vum Bierger a sengem Espace privé kënnen zougestallt ze kréien. An dat awer och nëmme wann de Bierger domat averstanen ass."
Service elo schonn accessibel
Schonn elo kéinten d’Bierger hir Gemengerechnungen aus de leschte Joren op der Plattform consultéieren, huet et weider op der gemeinsamer Pressekonferenz vun den Acteure geheescht.
Duerch den neie Service soll och d’Aarbecht op de Gemenge vereinfacht ginn, esou de Vize-President vum Gemengesyndikat SYVICOL, de Serge Hoffmann.
"Facturen ausstellen, Facturen ze verschécken, dat ass jo och eng materiell Aarbecht, nieft deem ekologeschen Aspekt."
D’Gemenge missten awer och weider Efforte maachen, fir datt och déi Leit matkommen, déi Problemer mat digitale Servicer hunn, , esou de Serge Hoffmann.
Och den CSV-Inneminister Léon Gloden huet ënnerstrach, datt dës nei Méiglechkeet ee Choix ass. Ouni d’Aktivéierung dovu kréien d’Bierger hir Rechnunge weider per Post geschéckt.
"Et ass awer och ëmmer wichteg, datt mer déi Bierger a Biergerinnen net vergiessen, déi vläicht Problemer hu mat der Digitalisatioun. An duerfir ass et hei och wichteg, datt et e Choix ass. Déi Leit, déi dat wëllen, kënnen dat maachen. An déi aner Leit kréien nach ëmmer de klassesche Service vun de Gemengen offréiert, fir datt se hir Facture kënnen heemgeschéckt ginn."
Géint Cyberattacke virbereet
Och bei der Digitaliséierung vun de Gemengerechnunge wier et wichteg, d’Daten ze schützen, esou déi Responsabel bei der Presentatioun. Dowéinst géif mat engem Server hei am Land geschafft ginn. Déi déi Cyberattacke maachen, wéilten Angscht schafen, esou an dësem Kontext de Minister Léon Gloden.
"Hei ass dee richtege politesche Message: Mir loossen eis net ënnerbrénge vun esou Cyberattacken. Mee mir gi virun, souwuel an der Digitalisatioun wéi an der Securisatioun vun den Donnéeën."
D’Stad Lëtzebuerg hat schonn den 11. Februar doriwwer informéiert, datt den Affichage vun de Gemengerechnungen op MyGuichet.lu méiglech ass, mat Ausnam vun de Rechnunge fir déi kommunal Crèchen a Schoul-Foyeren.