arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Wafferou am Südlibanon net agehalen

Noen Osten

|
reading time

1 min

Nei Wafferou am Südlibanon net agehalen

Eigentlech gouf d’Wafferou tëschent Israel an der Hisbollah-Miliz am Libanon grad eréischt ëm 45 Deeg verlängert, dat ënner US-Vermëttlung. Ma elo gräift Israel de Süde vum Libanon weider un.

reading time

1 min

Zerstéiert Haiser zu Beirut no israeeleschen Attacken | © picture alliance / NurPhoto | STR
Zerstéiert Haiser zu Beirut no israeeleschen Attacken (Foto: picture alliance / NurPhoto | STR)

Déi israeelesch Arméi huet, engem Militärspriecher no, Ziler vun der proiranescher Hisbollah-Miliz am Süde vum Libanon ugegraff. Virun den Attacken hat Israel d’Bevëlkerung opgeruff ze evakuéieren.

D’Wafferou gouf hirem Ufank am Abrëll schonn zwee Mol verlängert a soll elo bis Juni daueren. Bei de Gespréicher verhandelt Israel mat der libanesescher Regierung, déi ass awer u sech net Konfliktpartei. D’Hisbollah-Miliz weigert sech un de Gespréicher Deel ze huelen.

Béid Parteien hunn d’Wafferou an de leschte Wochen ëmmer nees gebrach.