Déi Vereenegt Arabesch Emirater a Südkorea hunn Ugrëffer op Schëffer gemellt. Déi Vereenegt Arabesch Emirater hunn och eng iranesch Attack op de Pëtrolshafen zu Fujairah gemellt. Do ass e Feier ausgebrach.
D'Wafferou tëschent den USA an dem Iran ass elo um Wackelen
Den Donald Trump huet dem Iran erëm mat Vernichtung gedreet. An den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi huet Washington gewarnt, d‘USA missten déi sougenannten Operation Freedom, fir Schëffer duerch den Hormus-Passage ze féieren, stoppen.