Den Appel à Candidatures fir d’Entreprisë soll schonn Enn 2026 lancéiert ginn. Wann de Projet bis ganz finaliséiert ass, solle bis zu 400 Handwierksentreprisë mat méi wéi 3.000 Salariéeën do Plaz fannen.
E Projet an e puer Etappen
Fir d’Handwierksbetriber ass et e wichtegt Uleies op adäquat Sitten an Infrastrukturen zeréckgräifen ze kënnen. Dat huet eng Etude vun der Chambre des Métiers erginn. Mam neien Handwierkerhaff, soll deem Rechnung gedroe ginn.
A verschiddene Phasen, soll dofir elo den Handwierkerhaff entstoen. Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles.
“Éischtens den Ëmbau vun engem Deel vun de bestoenden Halen. An dann d’Ofrappen an den Neibau vum Rescht vun den Halen.”
Deen éischten Ëmbau soll 10 bis 12 Milliounen Euro kaschten. Dat ass awer just e Provisorium, bis spéider ganz nei Halen um Site entstinn.
Den Terrain huet de Staat 14,5 Milliounen Euro kascht.
Gesamtkäschtepunkt nach onbekannt
Mee d’Regierung argumentéiert, duerch de Loyer vun den Entreprisen hätt si en Deel vum Käschtepunkt no 10 bis 15 Joer amortiséiert. Wéi vill de Staat fir de ganze Projet wëllt ausginn, ass awer nach net gewosst. Dozou géifen nach Etude gemaach ginn, esou de Lex Delles.
Den Diddelenger LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana steet dem Projet positiv géintiwwer. Virun allem, well e méi nohalteg wier, wa verschidden Entreprisen um Site ugesidelt wieren, an net just eng grouss, déi wéi Liberty Steel vun haut op muer ganz verschwanne kéint.
“Den haitege Projet (...) dréit also ganz kloer zu der Ofsécherung vun den Aktivitéiten an där Zone Wolser bäi. D'Aktivitéite bleiwe garantéiert a si entwéckele sech deementspriechend och weider. An och dat ass e positiivt Signal.”
De Chantier soll an Etappen iwwer d’Bün goen. Fir d’éischt ginn déi aktuell Hale provisoresch renovéiert, da gëtt eng nei Hal niewendru gebaut, an um Enn soll de Provisorium ofgerappt an duerch e Klon vun der éischter neier Hal ersat ginn.