Déi duerchschnëttlech Wochenaarbechtszäit hei am Land ass bannent engem Joerzéngt staark zeréckgaangen. Fir Vollzäit- an Deelzäitbeschäftegter am Alter vun 20 bis 64 Joer an hirem Haaptjob louch d’Wochenaarbechtszäit 2015 bei 38,1 Stonnen. 2025 waren et hei am Land just nach 35,7 Stonnen. Dat weisen nei Zuele vun Eurostat.
Patronat gesäit sech a senge Warnunge confirméiert
D’Zuele vun Eurostat weisen, datt d’Leit manner schaffen, esou den UEL-President Michel Reckinger. Méi Leit schaffen Deelzäit, an et sinn ee Congésdag dobäi komm, a vill Congés pour raisons familiales a sociales.
An alle 27 EU-Staaten ass d’Wochenaarbechtszäit an der Moyenne vu 36,9 Stonnen am Joer 2015 op 35,9 d’lescht Joer zréckgaangen: also ëm eng Stonn. Lëtzebuerg steet mat engem Minus vun 2,4 Stonnen also manner gutt do.
“Ech mengen dat hu mer jo och an deene leschten zéng Jore gesinn, all déi Congéen, déi der dobäi komm, drécken op déi Moyenne an déi drécken natierlech och op d'Kompetitivitéit vun de Betriber.”
„Och zu Lëtzebuerg muss méi geschafft ginn“
Wann d’Entreprisë manner kompetitiv sinn, da wier dat och ganz schlecht fir de Standuert, warnt de President vum Patronatsdaachverband. Déi nei Eurostat-Zuele géifen och dat bestätegen, wat de STATEC fir d’Tripartite ausgerechent huet.
“Mir hunn et elo vum STATEC schrëftlech kritt, datt mer am Prinzip zënter 2015 bis 2025 60 Stonne pro Joer manner schaffen. A 60 Stonnen dat ass annerhallef Woch, déi manner geschafft gëtt. Dat ass annerhallef Woch, déi manner produzéiert gëtt. Dat ass annerhallef Woch, déi manner kënne facturéiert gi vum Betrib.”
No Meenung vum UEL-President misst den Trend gestoppt ginn, datt manner geschafft gëtt.
“Wa mer d'Nouvelle kucken an anere Länner, datt do erëm gesot gëtt, datt mir musse méi schaffen. Och zu Lëtzebuerg muss méi geschafft ginn. Och zu Lëtzebuerg musse mer déi Produktivitéit héich halen, nach eng Kéier, well soss verléiere mer géintiwwer vum Ausland.”
Griichenland a Holland als Extreme
Et misst och dofir gesuergt ginn, datt de Sozialstaat weider kéint finanzéiert ginn, widderhëlt den UEL-President Michel Reckinger: An dat kéint awer just mat produktiven Entreprisë geléngen.
An Eurostat no, gouf et déi längst Wochenaarbechtszäit an der EU am Joer 2025 a Griichenland, mat 39,6 Stonnen. Déi kierzt Zäit gouf et mat 31,9 Stonnen an Holland. D’Resultater ginn net just duerch Ënnerscheeder bei den übleche Wochenaarbechtszäite beaflosst, mee och duerch den ënnerschiddlech héijen Undeel vun Deelzäitbeschäftegten an de Länner, esou dat statistescht Amt vun der Europäescher Unioun.