arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UEL zu Mindestlounerhéjung: "Fir eng Schëpp drop ze leeën ass kontraproduktiv"

Aarbecht

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

UEL zu Mindestlounerhéjung: "Fir eng Schëpp drop ze leeën ass kontraproduktiv"

No enger Reunioun mat der Regierung zum Mindestloun, sot den UEL-President Michel Reckinger, de Mindestloun hei am Land wierelo scho ganz héich a géif riskéieren, de Betriber Problemer ze maachen.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Buedemaarbechten | © Adobe Stock / Ingo Bartussek
Buedemaarbechten (Foto: Adobe Stock / Ingo Bartussek)

Virum Hannergrond vun enger EU-Direktiv, déi Lëtzebuerg bis d’Enn vum Joer ëmsetze muss, géif sech d’Fro stellen, wéi de Mindestloun an Zukunft berechent gëtt.

Dës Direktiv geséich vir, datt ee sech national Krittären dofir gëtt an eng Kommissioun schaaft, déi de Mindestloun da festleet. Dem Michel Reckinger no ware sech Patronat a Regierung de Moien eens doriwwer, datt déi ekonomesch Situatioun de Moment ganz kriddeleg wier. 

"An eng Erhéijung vum Mindestloun op engem Niveau, dee ganz héich, en Impakt huet grad op déi Secteuren, wou de Mindestloun nach ausbezuelt gëtt. Ech mengen, et si grad déi Secteuren, déi haut Problemer hunn, dat ass den Horesca, dat ass den Artisanat, dat ass de Commerce."

UEL gesäit keng Urgence

Do géif et vill Faillitten an Entloossunge ginn, esou de Michel Reckinger. "Fir do nach eng Kéier eng Schëpp drop ze leeën, ass einfach kontraproduktiv", seet den UEL-President.

Fir hie misst een oppassen, wat ee maache géif, an et sollt een net dat maachen, wat am Raum stoe géif. D’Gewerkschafte fuerdere jo eng substanziell Erhéijung vum Mindestloun, ëm 11,2 Prozent. Si hunn am Nomëtte Rendez-vous mat der Regierung.

Et géif fir eng Adaptatioun vum Mindestloun keng Urgence ginn, well de Stéchdatum den 31. Dezember wier. Et hätt ee fir déi nächst Wochen a Méint eng Prozedur mam Aarbechtsminister festgehalen, sou nach de Michel Reckinger.

play_arrow Lauschteren