Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Junior Varsity - Cross The Street

play_arrow Live
search

/ Nei franséisch Regierung soll nach virun e Sonndeg stoen

Entrevue tëschent Barnier a Macron

Nei franséisch Regierung soll nach virun e Sonndeg stoen

Virun e Sonndeg wëll de franséische Premier Michel Barnier seng Regierungsekipp presentéieren. Dat huet den Hôtel Matignon den Donneschdeg den Owend matgedeelt. De Barnier war mam President Macron zesummekomm fir him eng 38 Nimm ze presentéieren, déi d’Ministèren iwwerhuele sollen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Max Tholl (Paräis)

Déi néi franséisch Regierung steet an et lafe just nach déi üblech deontologesch Iwwerpréiwungen, heescht et aus dem Krees vum Premier.

Den Donneschdeg den Owend um Donneschdeg kuerz no 19 Auer koum de Michel Barnier mam Emmanuel Macron zesummen, fir him seng Lëscht vun 38 Nimm fir d’Regierungsekipp ze presentéieren. Dat mellt France Télévisions. Niewent Staatssekretären an delegéierte Ministeren, sollen et an der néier Regierung och 16 Ministerposte ginn. Dovu ginn der 7 un d’Partei Ensemble pour la République vum President Macron, 3 un déi konservativ Les Républicains vum Michel Barnier an de Recht verdeelt op méi kleng zentristesch Parteien.

Vill al bekannt Gesiichter

Just ee Ministère soll un eng Persoun aus dem lénke Lager goen. Dem Bericht no fanne sech op der Lëscht och eng Rëtsch Ministeren a Ministerinnen aus der Iwwergangsregierung: De Sébastien Lecornu soll weiderhi fir d’Arméi zoustänneg sinn, d’Rachida Dati fir d’Kultur, och d’Catherine Vautrin soll bleiwen.

De leschte Staatssekretär fir Europa, de Jean-Noël Barrot, soll iwwerdeems Ausseminister ginn. Den Inneministère geet de Medieberichter no un de konservative Bruno Retailleau wärend nach spekuléiert gëtt, wien de Wirtschafts- a Finanzministère kéint kréien.

Sécher ass, datt et net de Chef vu Les Républicains an der Assemblée, de Laurent Wauquiez, wäert sinn. Hien huet confirméiert, datt hien dëse Poste refuséiert huet.

Wann d’Regierung bis steet, da wäert de Michel Barnier och eng éischte Kéier säi Regierungsprogramm presentéieren. Dës Annonce ass fir den 1. Oktober virgesinn.

De Maurice Molitor huet sech mat eisem Korrespondent Max Tholl de Moien am Moiesstudio iwwert déi zukünfteg franséisch Regierung ënnerhalen.

play_arrow Talk mam Max Thollplay_arrow