Fir 3.000 Jonker war et elo de Startschoss fir hire fräiwëlleg Militärdéngscht. De President Macron hat dësen d’lescht Joer presentéiert, fir ënner anerem op déi geopolitesch Erausfuerderungen ze reagéieren.
Militärdéngscht soll Orientéierung liwweren
Déi jonk Aramé huet sech fir e Militärdéngscht an der franséischer Loft- a Weltraumofwier decidéiert. Fir si soll dës Zäit och Orientéierung liwweren. D’Jugend huet Loscht, sech fir eist Land ze engagéiere, sot de Macron bei der Presentatioun vum Militärdéngscht.
D’Aramé ka sech domadder identifizéieren. Bis 2030 soll d’Zuel u Rekrutéierte progressiv bis op 10.000 eropgoen. Et versprécht e sech och, datt een esou méi Personal fir de Militär an déi militäresch Reserve fanne kann.
ir d’Aramé ass eng Karriär beim Militär duerchaus eng Optioun.
"Grouss Chance"
De Sergeant Romain, dee genee wéi d’Aramé aus Sécherheetsgrënn säin Nonumm geheim hält, bekëmmert sech ëm déi Jonk, déi dëst Joer den Déngscht leeschten. Och hie gesäit eng grouss Chance, méi jonk Léit fir eng Karriär beim Militär ze bannen.
No engem Mount Formatioun ginn déi Jonk néng Méint an den Aarbechtsalldag vum Militär agebonnen.
D’Aufgabeberäicher sinn immens verschidden, wéi de Sergeant erkläert. Natierlech ass dësen Déngscht grad am Ufank net ouni Erausfuerderungen. Schliisslech géingen hei vill verschidde Perséinlechkeeten openeentreffen.
Den Zesummenhalt an d’Kohäsioun wieren awer scho ganz staark ze spieren, seet d’Aramé. Dëst Gefill hätt si an hirer Entscheedung endgülteg bestätegt.