arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Attack op Frigoen: Och eis Smart Homes musse geschützt ginn. Mee wéi?

Chaos Computer Club Lëtzebuerg

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

No Attack op Frigoen: Och eis Smart Homes musse geschützt ginn. Mee wéi?

No der Attack op Frigoen a Frankräich an an der Belsch misst elo iwwerpréift ginn, datt Geräter, déi online connectéiert sinn, besser geschützt ginn, seet de Chaos Computer Club. A vill Leit stelle sech natierlech elo d'Fro: Wéi sécher ass mäi Smart Home?

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Mëtt Oktober goufen a Frankräich Honnerte Supermarchéen d’Affer vun enger Hackerattack, woubäi d’Frigidairen an d’Tifküler viséiert goufen. D’Temperatur an deene Geräter ass vun den Hacker esou manipuléiert an eropgedréint ginn, datt d’Wueren hu missten ewech geheit ginn.

E Méindeg a gëschter goufe Supermarchéen an der Belsch an an aner europäesche Länner attackéiert. 

Alter vun de Frigoen huet eng Roll gespillt

Nach ass et ze fréi fir déi genee Schwaachstelle vun deenen Apparater ze definéieren, déi dës Woch d’Affer gi si vun där Hackerattack. 

Mee déi Frigidairen an Tifküler, déi Mëtt Oktober a Frankräich gehackt goufen, sinn all iwwer Internet accessibel gewiescht an haten eng Faille, erkläert d’Trix Taiclet, Presidentin vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg.

"Et war esou eng Internetsäit, wou normalerweis intern ass, wou heiansdo um Internet war. Déi Frigoe waren dann e bësse méi al, se waren dann out of life. Dat ass wéi beim Windows 10, wann dat ze al ass, misst een op Windows 11 updaten an heiansdo kann een dat net maachen, well de Computer ze al ass. A genau esou war dat och beim Frigo, de Frigo war einfach ze al dofir."

Ugrëffer op déi kritesch Infrastruktur sollt eis méi Suerge maachen

Wéi kënnen d’Supermarchéë sech an Zukunft besser schützen? Ee Schlësselelement wier do den Update vum Computerprogramm, preziséiert d’Trix Taiclet. Och eng Firewall oder e VPN kéint hëllefen. Wann d'Hacker sech awer de Wee direkt via Internet sichen, da wier den Entretien manner einfach ze maachen, seet si.

Elo ware Frigoe viséiert, allerdéngs ginn et nach ganz vill aner Secteuren, déi kriddeleg kéinte sinn, betount d’Trix Taiclet. Virop déi kritesch Infrastruktur.

"Mir hate jo rezent dee ganze Projet 'Let's prepare' an och méi generell an Europa, déi ganz Campagnë vu 'mir musse preparéiert si wann eppes geschitt'. (...) Wat do wierklech sensibel ass, wier de Santéssecteur, d'Waasser- oder d'Stroumnetz oder den Internet oder d'Netzwierker generell. Mir hate jo rezent gesi bei der Post, wann dat Netzwierk erofgeet, dann ass net nëmmen den Internet, deen net méi fonctionéiert, net nëmmen den Handy, deen net méi fonctionéiert, mee och vläicht den 112."

Smart Home: Updaten, updaten, updaten

Doheem ginn et och ëmmer méi vernetzte Geräter. Wéi kënne Privatstéit sech da schütze virun enger Hackerattack? Mëttlerweil kann ee säin Doheem nämlech ganz digital connectéieren: Vum Auto iwwer de Frigo bis hin zur Tëlee an dem Toaster.

Do wier et immens wichteg, déi ëmmer ze updaten am um neitste Stand ze halen, seet d'Trix Taiclet.

Eng weider Schutzmoossnam ass de Fait, datt déi Apparater net direkt iwwer Internet kënnen erreecht ginn an net do visibel sinn. Wat ee méi eng lokal Vernetzung huet, wat ee méi sécher ënnerwee ass. An do ass et wichteg ee gesécherte Router ze hunn, preziséiert d’Trix Taiclet.

"Et ginn och generell Sécherheetslücke bei esou Routeren doheem, mee zu Lëtzebuerg benotze mir d'Majoritéit d'Fritzbox, wou dann och automatesch normalerweis automatesch geupdate gëtt, oder vun der Post vum Internetprovider geupdate gëtt, an dann ass et nach vill, vill méi sécher."

Virun allem awer misst ee sech d’Fro stellen, ob een Doheem esouvill Geräter muss hunn, déi vernetzt sinn.

play_arrow Lauschteren