Digital Souveränitéit géif bedeiten, datt een net op een eenzege Fournisseur ugewisen ass, esou de Meris Sehovic vun déi gréng. Keng vun den dräi Oppositioun-Motiounen a Punkto Digital Resilienz gouf de Mëtteg an der Chamber zréckbehalen.
Wat bréngt de staatleche Messenger eigentlech?
De Staat hätt vill Suen an d’Entwécklung vun enger eegener Messenger-App gestach – an awer géif kaum een de LuxChat for Gov benotzen, esou d’Kritik vum LSAP-Deputéierte Ben Polidori.
"Déi meescht Leit kennen d'App iwwerhaapt net, oder si kennen se zwar, mee si notze se net, bon, mee vun deene befrote Leit beonrouegt mech awer am allermeeschten. Well se u sech och wëssen, dass se hir Donnéeën iergendwou hi späicheren, mee si wëssen awer net ganz genee wat domat geschitt. Ech mengen, dat ass problematesch."
Den ADR-Politiker Tom Weidig par contre fënnt, datt den Eenzelnen misst d’Fräiheet behalen, wéi eng App e benotze wéilt. De Sven Clement vun de Piraten ass do anerer Meenung.
"Elo huet d’Regierung LuxChat 4 Gov: Deen ass fir all Staatsbeamten, also och fir d'Enseignanten, accessibel, elo wësse mer awer, datt d'Enseignante gläichzäiteg Teams benotzen an de Schoulen."
LSAP wëllt LuxChat obligatoresch maachen - D'Regierung net
D’LSAP wollt Lëtzebuerg méi onofhängeg vu groussen Tech-Entreprisen ze maachen. Dofir misst d’LuxChat-App als obligatoresche Messenger-Déngscht an der Fonction Publique definéiert ginn, huet et an hirer Motioun geheescht.
Déi huet an der Chamber awer keng Majoritéit kritt. Dogéint gestëmmt hunn d’ADR an d’Regierungsparteien DP an CSV. Well, esou den DP-Deputéierte Gérard Schockmel:
"D'Regierung huet et ganz kloer gemaach, datt se aktiv d'Promotioun an d'Sensibiliséierung, wat déi Messagerien ubelaangt, virundreift, an dat geet eis och als Assurance duer fir meng Fraktioun. Dofir wäerte mer déi heite Motioun net matstëmmen."
Daten-Zentre si net just eng Fro vum Output
Nieft méi klore Krittäre beim Staat hunn déi gréng de Mëtteg eng kloer Linn gefuerdert wat de Stroumverbrauch vu groussen Daten-Zentren ugeet. Dëst misste primär mat gréngem Stroum bedriwwe ginn. Och déi Lénk sinn där Meenung, wéi déi haut vereedegt Deputéiert Ana Correia da Veiga sot.
"Virun allem den Energieverbrauch vun den Datacenteren ass keng Niewesächlechkeet. Den Datacenter ka ronn 30 Megawatt gebrauchen. Dat entsprécht ongeféier de Verbrauch vun 12.000 bis 24.000 Stéit."
Eng Motioun vun der LSAP fir een État des lieux iwwer déi aktuell digital Souveränitéit vum Lëtzebuerger Staat ze maache gouf och net ugeholl. D’Regierung wier schonn amgaangen esou Analysen duerchzeféieren, esou d’Argument.
Op engem Punkt waren d’Deputéiert sech de Mëtteg awer eens. Et wéilt een doriwwer beroden an der Chamber eng Sous-Kommissioun fir d’Digital Resilienz ze grënnen.