arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Familljen-Allocatiounen, wéi d'Kannergeld, gi vu nächstem Joer u gehéicht

National

|
reading time

2 min

Familljen-Allocatiounen, wéi d'Kannergeld, gi vu nächstem Joer u gehéicht

D‘Familljen-Allocatioune gi gehéicht. En entspriechende Gesetzesprojet gouf eestëmmeg an der Chamber ugeholl. Esouwuel d‘Kannergeld, wéi och d‘Hëllefe fir d‘Schoulrentrée ginn  den 1. Januar d‘nächst Joer gehéicht.

reading time

2 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

Beim Kannergeld ass et eng Hausse vu 45 Euro de Mount pro Kand, a fir Kanner vun 12 Joer un, sinn et 60 Euro de Mount méi. Deemno kréie Famille vum éischte Januar u pro Mount 352 Euro fir e Kand bis 5 Joer, 375 Euro fir Kanner tëschent 6 an 11, a 410 Euro fir e Kand vun 12 Joer un. 

D‘Hëllef fir d‘Schoulrentrée klëmmt, fir Kanner tëschent 6 an 11, ëm 60 Euro, op 175 Euro a fir Kanner vun 12 Joer u klëmmt se ëm 90 Euro, op 325 Euro. 

Allocatioune wäerten an Zukunft och indexéiert ginn

Nei ass och, datt net just, wéi elo, d‘Kannergeld indexéiert gëtt, mee vum nächste Joer un och d‘Allocatioune fir d‘Schoulrentrée, fir d‘Gebuert, a fir Kanner mat enger Beanträchtegung.

Dës Upassunge sinn Deel vun der Regierung hirem nationalen Aktiounsplang géint den Aarmutsrisiko. Well, wéi den CSV Deputéierte Paul Galles an der Chamber sot:

"Mir loossen net zou, dass Kanner an eisem Land ënnert dem Aarmutsrisiko solle liewen."

Bal all véiert Kand ass vum Aarmutsrisiko betraff

Den Aarmutsrisiko bleift awer héich zu Lëtzebuerg. Besonnesch bei Kanner. Dem Statec no, ass bal all véiert Kand vum Aarmutsrisiko betraff. Dofir soll, bis Januar d‘nächst Joer, och nach deen neien "complément de vie chère" kommen, esou den DP-Familljeminister Max Hahn.

"Do wäerte mer och sozial cibléiert Famillje mat klengem Akommes, déi scolariséiert Kanner hunn, nach eng Kéier substanziell ënnerstëtzen. Fir ze kucken, dass mer kee vergiessen, dass mer grad de Sujet vun der Kanneraarmut ganz seriö huelen."

Wat ass mam Kannergeld fir Frontalieren?

D‘Hausse vun de Familljen-Allocatioune gouf de Mëtteg vun alle Säiten an der Chamber begréisst, a gestëmmt, och vun der ADR. Där hiren Deputéierten Dan Hardy huet awer nach eng Fro gehat.

"Firwat bezilt de Lëtzebuerger Staat Kannergeld fir e Kand, dat zum Beispill zu Metz lieft?"

Dat koum net gutt un an der Chamber. Mee den Dan Hardy huet verséchert: Hien hätt domat net gemengt, datt d‘Kanner vu Frontalieren, déi hei schaffen, kee Kannergeld solle kréien.