Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Chamberdebatten: LGBTQIA+ Sujete gehéieren an den Unterrecht

Educatioun

No Chamberdebatten: LGBTQIA+ Sujete gehéieren an den Unterrecht

D‘LGBTQIA+ Sujete gehéieren an d‘Schoul. Dat ass d‘Conclusioun vun der Regierung no zwou ëffentlechen Debatten iwwer Petitiounen zu där Fro. Eng vun de Petitiounen hat genee de Géigendeel gefuerdert. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D’Petitioun, déi sech fir eng Exklusioun vun LGBTQIA+ Sujeten an der Schoul ausschwätzt, wier no engem Echange mat Elteren entstanen, déi sech Suerge gemaach hätten, sou de Petitionär Helder Rui De Almeida Neves. Suergen an Angscht doriwwer, datt Kanner Informatiounen ausgesat géife ginn, déi si am jonken Alter net géife verstoen.

D‘Verantwortung vun den Elteren?

Am Discours gouf ëmmer erëm betount, datt et un den Eltere wier ze decidéieren, wéi hir Kanner iwwer dës Theemen ënnerriicht ginn. Kanner dierften an der Schoul net enger Propaganda oder dem Verbreede vun enger Ideologie ausgesat ginn, esou d’Argument vum Petitionär

"L’article 26 tiret 3 de la déclaration universelle des droits de l’homme stipule que les parents ont la priorité pour le Choix de l’éducation à donner à leurs enfants. Cette prérogative parentale est essentielle pour garantir que l’éducation des enfants reflète les valeurs et les convictions familiales."

Deemno géif et, deem Petitionär no, géint dëst Grondrecht verstoussen, wann LGBTQIA+ Sujeten ouni Averständnis vun den Eltere géife behandelt ginn.

Angscht an Ignoranz fërdere sech géigesäiteg

Den zweete Petitionär, Marc Gerges huet virun de Konsequenze vun enger Stigmatisatioun gewarnt. De Bildungsoptrag vun der Schoul sollt iwwer den akademeschen Optrag eraus goen, an d’Gesellschaft aktiv matgestalten. Diversitéit onsiichtbar maache géif negativ Prejugéen, Harcèlement, Diskriminatioun, psycheschen Drock an Ausgrenzung nëmme bestäerken. Den zweete Petitionär huet probéiert, déi am éischten Discours ernimmten Angscht wech ze huelen.

"Dës Angscht entsteet duerch Ignoranz. Ignoranz well net driwwer geschwat gëtt, Ignoranz well net dierf driwwer geschwat ginn. Ignoranz mécht also Angscht, d’Angscht fërdert d’Ignoranz an d’Ignoranz mécht weiderhin Angscht."

"D‘Schoul kann do virdrun d‘Aen net zoumaachen"

Nom Debat war sech d’Regierung eens, datt LGBTQIA+ Sujete musse bei Jonken thematiséiert ginn. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch wier der fester Meenung, datt dës Theemen an d’Schoul gehéieren. Dofir bräichten d’Enseignanten en entspriechenden Encadrement.

"Well et normal ass, well et eng gesellschaftlech Realitéit ass. An d’Schoul do virdrun d’Aen net kann zoumaachen an dat kann ausblennen."

Nationalen Aktiounsplang gëtt ausgeschafft

Stigmatisatioun dierft net acceptéiert ginn, där Meenung war och d’Yuriko Backes. D’DP Gläichstellungsministesch huet weider virun enger Pathologiséierung vun Theeme wéi Homosexualitéit gewarnt.

"Dir hutt gesot 'Kränkten, aner Kränkten'. Fir iech ze zitéieren, oder 'wa mam Kand eppes net stëmmt'. Dat si Saachen déi dir gesot hutt. Vläicht mierkt dir et mol net wat dat fir ee Message gëtt u Kanner aus deene Communautéiten. Do si mir beim Stigmatiséieren, an dat ass ee ganz geféierlechen Discours.”

De Gläichstellungsministère géif aktuell zesumme mam Educatiounsministère un engem Plan d’action National iwwer de Sujet LGBTQIA+ schaffen, deen nach virum Summer presentéiert soll ginn. Och wier ee Plan d’action national zum Thema gender-based Violence an Ausaarbechtung.

Lauschterenplay_arrow