arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No géigesäitege Loftattacken: Wéi ass d'Lag zu Tel Aviv an Israel?

Noen Osten

|
headphones

1 min

headphones

3 min

play_arrow

No géigesäitege Loftattacken: Wéi ass d'Lag zu Tel Aviv an Israel?

No Woche laange Spekulatiounen iwwert eng Interventioun, hunn d’USA an Israel haut um Samschdegmoie militäresch Ziler am Iran ugegraff. Den Iran huet sengersäits Israel an US-amerikanesch Ziler am Mëttleren Osten attackéiert. Eisen Israel-Korrespondent Léonardo Kahn mat Detailer live vun Tel Aviv.

headphones

1 min

headphones

3 min

play_arrow

D'israeelesche Militär huet en éischte Pressebriefing zur aktueller Lag ofginn: Do wier bestätegt ginn, datt Israel d‘Attack op den Iran lancéiert huet, mam Zil "déi existenziell Bedroung vum Iran signifikant ze schwächen". Soss wier d’Militär net besonnesch präzis ginn.

Staatschef Ali Chamenei am Viséier

Journaliste mat gudde Sourcen zur Regierung an d’Arméi hätten de Moie geschriwwen, datt Israel versicht hat den iranesche Staatschef Ali Chamenei ëmzebréngen. Dat wollt d’Militär awer net bestätegen, heescht et vun eisem Israel-Korrespondent Léonardo Kahn vun Tel Aviv. 

Op d’Fro, wéi laang Israel sech op e Krich mam Iran wéilt aloossen, hätt de Spriecher just geäntwert "esou laang wéi néideg". Bis elo géifen et och nach keng confirméiert Informatioune ginn, datt Ziler am Iran getraff gi wieren. 

De ganze Reportage kënnt Dir hei lauschteren. 

play_arrow Lauschteren