Den Iran verweist iwwerdeems drop, datt héich Regierungsbeamte bei den Attack déi Israel an d’USA haut um Samschdeg an de fréier Moies Stonnen géint den Iran lancéiert hunn, net em d’Liewe komm wieren. Israel wollt verschiddenen Source no den iraneschen ieweschte Leader, den Ali Chamenei ëmbréngen.
Internet massiv ageschränkt
Et ass net kloer wou den Ajatollah Ali Chamenei, sech den Ament ophält, wéi international Medienagencen mellen. Allgemeng wier net vill iwwert déi aktuell Lag am Iran gewosst, well den Internet am Land nees massiv ageschränkt ginn ass.