Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den 28.03. ass an der Escher Konschthal LEAP-Gala

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Stroumpann um Freideg: Situatioun um Flughafe London-Heathrow normaliséiert sech nees

Aviatioun

No Stroumpann um Freideg: Situatioun um Flughafe London-Heathrow normaliséiert sech nees

Um Flughafe vu London-Heathrow leeft den Trafic no enger Paus vu bal engem ganzen Dag nees sou lues un. Gëschter um Freidegowend konnten éischt Fligere schonn nees vum gréissten europäesche Flughafe fortfléien.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Gëschter hat de Chef vum Flughafen erkläert, datt um Samschdegmoien d’Situatioun nees normal wäert sinn. Nawell ass d’Fluggesellschaft British Airways dovun ausgaangen, datt haut nach eng 15 Prozent vun de Flich ausfale géifen.

Op Grond vun enger Stroumpann, déi op e Feier zeréckzeféiere war, war Heathrow gëschter um Freideg bal de ganzen Dag zou bliwwen.