arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Suspendéierung: Generalist Dr. Naeseh praktizéiert nees hei an der Stad

Justiz

|
reading time

1 min

No Suspendéierung: Generalist Dr. Naeseh praktizéiert nees hei an der Stad

An der Affär ëm e Generalist aus der Stad huet de Gesondheetsministère dem Radio 100,7 matgedeelt, datt dem Dokter säin Dossier aktuell engem opmierksame Suivi an enger Analys duerch déi zoustänneg Instanzen ënnerläit.

reading time

1 min

Justitia | © Stefan Puchner
Justitia (Foto: Stefan Puchner)

Den Dr. Naeseh war am Juni 2024 vun der CSV-Ministesch Martine Deprez fir 18 Méint suspendéiert ginn. Als Begrënnung hat d’Gesondheetsministesch uginn, datt de Mann ënner Eed net vun Antecedente géint hien a Frankräich geschwat, an deemno dem Collège médical an dem Ministère géintiwwer falsch Informatioune ginn hätt.

De franséischen Dokter war am Oktober 2023 scho vun der franséischer “Chambre disciplinaire nationale de l’ordre des médecins” fir annerhalleft Joer suspendéiert ginn.

Dokter praktizéiert nees an der Stad 

Géint d’Decisioun vun der CSV-Ministesch Deprez hat de Mann geklot, an éischter Instanz um Verwaltungsgeriicht, awer Onrecht kritt. No senger Suspensioun hei am Land praktizéiert den Dr. Naeseh iwwregens zënter Enn zejoer matzen an der Stad.

Reporter.lu no war de Mann viru senger Suspensioun a Frankräich iwwregens schonn an der Schwäiz zu 3 Joer Prisong, d’Hallschent dovu mat Sursis, verurteelt ginn, wéinst Bedruch a Fälschung.

Donieft war decidéiert ginn, datt den Dokter d’Alpeland fir 5 Joer misst verloossen.